D'VAE fir Universitéitsdiplomer - Bachelor a Master
Iwwer d'Validation des acquis de l'expérience oder VAE op der Universitéit Lëtzebuerg ass et méiglech, seng Erfarung unerkennen ze loossen, fir iwwer dee Wee Zougang zu deene verschiddenen Niveaue vun Universitéitsofschlëss vum Typ Bachelor (Bac +3) a Master (Bac + 5) ze kréien.
D’VAE gëllt fir all Zilgruppen, onofhängeg vum Alter, vun der schoulescher Ausbildung oder der berufflecher Situatioun. Eng onëmgänglech Bedéngung ass, datt d'Kandidaten iwwer mindestens 3 Joer eng bezuelten, net bezuelten oder benevole Aktivitéit mat oder ouni Ënnerbriechung an am direkten Zesummenhang mat deem viséierten Diplom ausgeüübt oder virdrun Héichschoulstudie gemaach hunn.
Fir erauszefannen, wéi en
Diplom senger eegener Erfarung entsprécht an him Zougang zum Studium verschaaft, gëtt de Kandidat gebieden, sech d'Lëscht vun de
Bachelor- a
Master-Ofschlëss unzekucken, déi vun der Universitéit Lëtzebuerg ausgestallt ginn.
Demarchen
D'Kandidate musse sech online aschreiwen an hire komplette Kandidaturdossier un de Service des Études et de la Vie Étudiante (SEVE) vun der Universitéit Lëtzebuerg schécken.
D'Demandë fir d'Validatioun vu professionnellen Acquisen oder vu Beruffserfarung oder vu fréieren Héichschoulstudie mussen am Laf vum Studiejoer beim Doyen vun der betraffener Fakultéit agereecht ginn:
- virum 1. Dezember, fir eventuell am Summersemester ugeholl ze ginn;
- virum 1. Mee, fir eventuell am Wantersemester ugeholl ze ginn.
D'Demande besteet aus engem Dossier, dee follgend Elementer enthale muss:
- e Motivatiounsbréif, an deem een d'Formatioun, fir déi d'Validatioun ugefrot gëtt, ugëtt,
- en detailléierte CV,
- Attestatioune vun de Formatiounen, déi ee matgemaach huet,
- Diplomer, déi ee schonn huet an, am Fall vun Héichschoulstudien am Ausland, d'Attestatioune vun enger eventueller Unerkennung,
- Certificate vu Weiderbildungsaktivitéiten,
- Attestatioune vu berufflechen Aktivitéiten an Erfarungen (Dauer, Typ, Aarbechtsplazen, Certificat vum Employeur, asw.).
D'Demande gëtt vun engem Jury iwwerpréift, d'Membere gi vum Rektor op Propositioun vum Doyen vun der betraffener Fakultéit bestëmmt. De Jury:
- analyséiert den Dossier,
- féiert e Gespréich mam Kandidat,
- organiséiert eventuell eng nogestallte Situatioun an evaluéiert se.
Wann d'Validatiounsdemande dorop ausgeriicht ass, Zougang zu Studie mat engem Bachelor- oder Master-Ofschloss ze kréien, dann analyséiert de Jury, ob de Student opgrond vu senger Demande d'Krittären erfëllt, fir esou en Diplom vun der Universitéit Lëtzebuerg ausgestallt ze kréien. Wann d'Demande sech op den Zougang zu Studie mat engem Bachelor-Ofschloss bezitt, préift de Jury ausserdeem, ob de Parcours vum Student mat der Mobilitéitsflicht kompatibel ass.
De Jury motivéiert d'Entscheedung, déi en opgrond vun alle verfügbaren Informatioune getraff huet, an engem schrëftleche Rapport a leet dësen un den Doyen weider. Den Doyen deelt dem Kandidat d'Entscheedung vum Jury schrëftlech mat.
Et ass och méiglech, eng Validatioun vun Héichschoulstudien, déi am Ausland gemaach goufen, unzefroen.