Bong fir e reduzéierten Tarif
Reduzéiert Aschreiwungskäschten an Héicht vun 10 Euro pro Cours, onofhängeg vun der Stonnenzuel vum Cours, ginn ugewant, wann eng Attestatioun a Form vun engem Bong, dee vun der betraffener Verwaltung op den Numm vum Participant ausgestallt gëtt, virgeluecht gëtt.
Eligibel Coursen
De Bong fir e reduzéierten Tarif gëllt nëmme fir:
- déi allgemeng Coursen, déi vun de Lycéeën, de Gemengen oder de gemengnëtzege Veräiner ënnert der Koordinatioun vum Service fir Erwuessenebildung (SFA) vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend ugebuede ginn
Déi allgemeng Coursë consultéieren
- d'Lëtzebuergesch-, Franséisch- an Däitschcoursen (1 vun den 3 administrative Landessproochen) oder d'Engleschcoursen, déi vum Nationale Sproocheninstitut (INL) ugebuede ginn
Sech iwwer d'Coursë vum INL informéieren
Betraffe Persounen
De Bong fir e reduzéierte Tarif gëtt follgende Persounen accordéiert:
- Demandeurs d’emploi, déi vun der Aarbechtsagence (ADEM) an e Cours geschéckt ginn an indemniséiert ginn, wann et sech ëm e Sproochecours beim INL handelt,
- Beneficiairë vum Akommes fir sozial Inclusioun (REVIS), déi vum Office national d’inclusion sociale (ONIS) an e Cours geschéckt ginn,
- Persounen, déi internationale Schutz ugefrot hunn a vum Office national de l’accueil (ONA) als bedierfteg unerkannt goufen,
- Persounen, déi en Opnam- an Integratiounsvertrag (CAI) ënnerschriwwen hunn, fir Coursen an enger vun den dräi administrative Landessproochen (Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch),
- Persounen, déi vum Integratiounsdepartement vum Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun (MIFA) oder de kommunalen oder regionalen Office-sociallen als bedierfteg unerkannt goufen.
D'Bonge kënnen an der Praxis och déi follgend Bezeechnungen hunn: Bon ADEM, Bon MIFA, Bon ONIS, Bon ONA ou Bon offices sociaux. De Bong muss bei der Aschreiwung virgeluecht ginn.
De Bong fir e reduzéierten Tarif gëtt fir eng spezifesch Matière ausgestallt an ass 6 Méint laang gëlteg. D'Persounen, déi dovunner profitéieren, engagéiere sech, un op d'mannst 70 % vun de Coursen deelzehuelen. Dëst ass och d'Konditioun, fir vun engem weidere Bong profitéieren ze kënnen.
Fir d'Coursë vum Nationale Sproocheninstitut (INL) gëllen déi reduzéiert Aschreiwungskäschten, ofgesi vun Ausnamefäll, nëmme fir een Dagescours pro Semester an nëmme fir Persounen, déi un op d'mannst 80 % vun de Coursen, déi all Mount organiséiert ginn, deelhuelen.
De Betrag vun den Aschreiwungskäschten deckt d'Käschte fir de Kaf vun didakteschem Material, vu Fotokopien oder anerem Material, dat fir de Cours néideg ass, net of.