Finanziell Bäihëllefe vum Staat fir Héichschoulstudien (AideFi)

Eng Bourse an/oder e Prêt kréien
Lescht Aktualiséierung : 08.08.2023

Bedéngungen

Fir eng Bäihëllef fir Héichschoulstudie kënnen unzefroen, musse follgend Bedéngungen erfëllt sinn:

  • an engem Vollzäit- oder Deelzäit-Héichschoulprogramm ageschriwwe sinn, dee mat engem Diplom, Titel, Certificat oder Ofschloss vum Enseignement supérieur ofschléisst, deen am Land, an deem d'Studie gemaach ginn, unerkannt ass,
  • pro Semester Coursë mat mindestens 15 ECTS-Kreditter beleeën oder eng Formatioun suivéieren, déi op d'mannst d'Hallschent vun der Mindeststonnenzuel vun der Formatioun ëmfaasst (fir Fern- an Deelzäitstudien),
  • fir all Beruffsausbildung am Ausland:
    • iwwerpréiwen, ob déi betraffe Formatioun net zu Lëtzebuerg ugebuede gëtt,
    • eng schrëftlech Autorisatioun beim Service fir d'Beruffsausbildung vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend ufroen,

Persounen, déi zu Lëtzebuerg wunnen

Si mussen eng vun de follgende Bedéngungen erfëllen:

  • lëtzebuergesche Staatsbierger sinn,
  • EU-Bierger (anere Staat aus der EU, anere Staat aus dem EWR (Europäesche Wirtschaftsraum) oder Schwäiz) sinn an zu Lëtzebuerg schaffen,
  • Famill mat enger vun den uewe genannte Persoune sinn,
  • zanter mindestens 5 Joer am Grand-Duché liewen,
  • politesche Flüchtling sinn oder iwwer e permanent Openthaltsrecht verfügen.

Persounen, déi net zu Lëtzebuerg wunnen

Si mussen eng vun de follgende Bedéngungen erfëllen:

  • zu Lëtzebuerg schaffen, lëtzebuergesche Staatsbierger, EU-Bierger oder Bierger vun engem anere Staat aus dem EWR oder der Schwäiz sinn an hir Aktivitéit zum Zäitpunkt vun der Demande zu Lëtzebuerg ausüben,
  • eng Weeserent zu Lëtzebuerg kréien, lëtzebuergesche Staatsbierger, EU-Bierger oder Bierger vun engem anere Staat aus dem EWR oder der Schwäiz sinn,
  • d'Kand vun enger Persoun sinn, déi zu Lëtzebuerg schafft a lëtzebuergesche Staatsbierger, EU-Bierger oder Bierger vun engem anere Staat aus dem EWR oder der Schwäiz ass an hir Aktivitéit zum Zäitpunkt vun der Demande zu Lëtzebuerg ausüübt, dat Ganzt ënnert der Bedéngung:
    • datt den Elterendeel virun der Demande wärend enger kumuléierter Dauer vu mindestens 5 Joer, gerechent op e Referenzzäitraum vun 10 Joer, geschafft huet, oder
    • datt den Elterendeel zum Zäitpunkt vun der Demande wärend enger kumuléierter Dauer vu mindestens 10 Joer geschafft huet, oder
    • datt den Demandeur insgesamt wärend mindestens 5 Schouljoer zu Lëtzebuerg am Enseignement fondamental, Enseignement secondaire, der Formation professionnelle oder dem Enseignement supérieur ageschriwwe war, oder
    • datt den Demandeur sech wärend enger kumuléierter Dauer vu mindestens 5 Joer zu Lëtzebuerg opgehalen huet.

Och eligibel si Studenten, déi net zu Lëtzebuerg wunnen, vun deene keen Elterendeel zu Lëtzebuerg schafft oder geschafft huet, mee déi e Papp oder eng Mamm hunn, deem säi bzw. där hiren neie Conjoint oder neien offizielle Partner d'Bedéngungen aus dem viregten Abschnitt erfëllt.

Dës finanziell Bäihëllef ass kumulabel mat den AFR-Bourssen (Aides à la formation-recherche), mat deenen Doktoranden a Post-Doktoranden ënnerstëtzt ginn (www.fnr.lu), mat Erasmus+, engem Programm, deen d'international Mobilitéit vun de Studenten ënnerstëtzt, oder mat Bourssen, déi opgrond vum Student senge Meritten accordéiert ginn.

D'Bäihëllef ass awer net kumuléierbar mat equivalente finanzielle Bäihëllefen, déi am Wunnsëtzland vum Student ausbezuelt ginn, oder mat anere finanzielle Virdeeler opgrond vum Studentestatut. Fir Studenten, déi net zu Lëtzebuerg wunnen, handelt et sech bei der Hëllef ëm eng Ersatzbäihëllef. Éier si hir Demande areechen, mussen dës Studenten all déi néideg Demarchen an hirem Wunnsëtzland ënnerholl hunn, fir eng finanziell Bäihëllef fir hir Studien ze kréien.

Finanziell Bäihëllefen: Bourssen a Prêt

D'finanziell Bäihëllef pro Semester setzt sech follgendermoossen zesummen:

  • eng Basisbourse vun 1.142€,
  • eng Mobilitéitsbourse vun 1.420€, wann de Kandidat net a sengem Wunnsëtzland studéiert an an deem anere Land Loyer bezilt,
  • eng Sozialbourse vu bis zu 2.210€, déi vum gesamte versteierbare Joresakommes vum Stot, zu deem de Kandidat gehéiert, ofhänkt (ënner engem Stot si follgend Persounen ze verstoen: Elteren, Elterendeel a Conjoint/Partner, Student a Conjoint/Partner),
  • eng Familljebourse vun 274€, wann aner Kanner aus dem Stot, zu deem de Kandidat gehéiert, och eng finanziell Bäihëllef fir Héichschoulstudie kréien,
  • e Basisstudenteprêt vun 3.250€, dee vum Staat garantéiert gëtt.

Rechent de Montant vun der finanzieller Bäihëllef mat dësem Simulator aus.

Fall vun engem Student, deen en eegent Akommes huet

Akommes aus engem Studentenjob mat maximal 10 Stonnen Aarbecht/Woch a Studentenjobs wärend der Schoulvakanz gi fir d'Berechnung vun der Sozialbourse net berücksichtegt.

All anert Akommes, dat dem Student wärend dem lafende Studiejoer zur Verfügung steet, gëtt bei d'gesamt Joresakommes vum Stot gerechent a kann en Afloss op de Betrag vun der Sozialbourse hunn.

E Student, deem säin eegent Gesamtjoresakommes iwwer dem soziale Mindestloun fir onqualifizéiert Aarbechter läit, kann nëmmen eng finanziell Bäihëllef a Form vun engem Prêt kréien.

E Student, deem säi Gesamtjoresakommes 3,5 Mol méi héich ass wéi de soziale Mindestloun fir onqualifizéiert Aarbechter, ass vun all finanziell Bäihëllef ausgeschloss.

De Remboursement vum Prêt muss 2 Joer nom Enn oder Ofbroch vum Studium ufänken. D'Maximaldauer vum Remboursement läit am Prinzip bei 10 Joer.

Aschreiwungskäschten

D'Aschreiwungskäschte gi bei der Berechnung vun der finanzieller Bäihëllef mat bis zu 3.800€ pro Studiejoer berücksichtegt. Si ginn ëmmer zu 50% bei d'Bourse an zu 50% bei de Prêt derbäigerechent.

Beispill: Bei 800€ Aschreiwungskäschte ginn 800€ bei d'finanzielle Bäihëllef derbäigerechent, dovu 400€ bei d'Bourse a 400€ bei de Prêt.

Rechent de geneeë Montant vun den Aschreiwungskäschte, déi rembourséiert ginn, mat dësem Simulator aus.

Demarchen an Delaien

Fir all Semester muss eng Demande agereecht ginn:

  • tëschent dem 1. August an dem 30. November fir d'Wantersemester
  • tëschent dem 1. Januar an dem 30. Abrëll fir d'Summersemester

Demanden, déi nom Delai agereecht ginn, gi wéinst ze spéidem Depôt refuséiert.

D'Demande muss integral online iwwer MyGuichet gemaach ginn. D'Hëllef fir d'Demarche op mengstudien.lu kann Iech orientéieren. Jee no Situatioun vum Demandeur musse follgend Beleeger (all oder en Deel) ugehaange ginn:

  • definitiven Aschreiwungscertificat vun der Universitéit,
  • Rechnung a Beweis, datt d'Aschreiwungskäschte bezuelt sinn,
  • Paiziedele vun deene leschten dräi Méint,
  • jee no Situatioun kënne weider Beleeger gefrot ginn.

Méi Informatiounen iwwer d'finanziell Bäihëllef fannt Dir och an den FAQ op www.mengstudien.lu.

Kontakt