Seng Entscheedungskraaft verbesseren (C5038)

Unternehmensübergreifende Weiterbildung

An wen richtet sich die Weiterbildung?

Jidfereen, deen Entscheedungen treffe muss, verschidde Parametere verstoe wëll, an Ongewëssheete verréngere wëll.

Dauer

23,00 Stunde(n)

Sprache(n) der Dienstleistung

LU

Voraussetzungen

Keng.

Ziele

  • Entscheedungsprozesser verstoen.
  • Déi verschidden Entscheedungstype kennen.
  • Déi verschidden Entscheedungsstrategien analyséieren.
  • Afloss huelen op eng Entscheedung.
  • Seng Perséinlechkeet geréieren am Entscheedungsprozess.
  • D'geesteg Ëmfeld schaafe fir Entscheedunge proaktiv ugoen ze kënnen.
  • Eng Entscheedung treffen an engem komplexen Ëmfeld oder enger Stresssituatioun.
  • Geruedstoe fir eng Entscheedung, hiert Resultat an hier Auswierkungen.

Inhalt

  • Entscheedungsprozesser verstoen: Definitioun vun enger Entscheedung. Wat as eng gutt Entscheedung? Wat as eng falsch entscheedung? Portrait vun engem Entscheeder.
  • Déi verschidde Catégorien vun Entscheedungen. Verschidde Mécanismen fir eng Entscheedung ze huelen. Praktesch Beispiller.
  • Entscheedungsfacteuren. Wat motiveiert eis fir ze entscheeden. Wat hällt eis zeréck fir eng Decisioun ze huelen. Praktesch Beispiller.
  • Déi richteg Froe stellen fir eng richteg Entscheedung ze huelen. Experienzen an Viirurdeeler am Entscheedungprozess. Praktesch Beispiller.
  • Kompetenzen, en Zäitfaktor am Entscheedungprozess. Déi richteg Kommunikatioun am Entscheedungsprozess. D'Perséinlechkeet am Entscheedungsprozess. Praktesch Beispiller.
  • Entscheedungstypen kennen, eng Entscheedungsstrategie analyséieren a verstoen. Perséinlechkeetsanalyse (wee sin ech an wei reagéieren ech, wee sin déi aner a wéi reagéieren sie). Praktesch Beispiller.
  • Dei richteg Aktioun fir dei richteg Reaktioun. Akteuren a Co-Akteuren am Entscheedungprozess. Resultat, mäin däin, eist zesummen. Motivatiounen am Entscheedungsprozess. Praktesch Beispiller.
  • Seng Entscheedungen préparéieren. De richtege Wee fir déi richteg Decisioun. Den Zäitfakteur am Decisiounsprozess. Praktesch Beispiller.
  • Déi richteg Entscheedung an engem komplexen Emfeld oder Stressituatioun huelen. Rappel: Froen Äëntwerten a praktesch Exercicer.
  • Rappel: Froen, Äentwerten a praktesch Exercicer.

Diese Weiterbildungen könnten Sie interessieren