Aller au contenu

INFPC - en ëffentleche Service am Déngscht vum lifelong-learning

19.04.2023

Fir an enger Welt vu rapide Changementer de Besoine vun Employéen a Salariéë gerecht ze ginn, bitt den INFPC jonken an erwuessene Persounen eng Hellewull Formatiounen, fir si berufflech ze ënnerstëtzen, mam But eng zertifiéiert Qualifikatioun ze kréien.

Ob am Dag, an Owescoursen, de Weekend oder à distance, lifelong-learning.lu bitt iwwer 12.000 Formatiounen aus allen ekonomeschen Secteuren, jee no Besoin an Erwaardung.

Wat mécht de Succès vum Portal aus? Wat gëtt genee ugebueden? Wien hëlt u wat fir enge Formatiounen deel?

Am Fong geet dem Sujet an de Froen op de Fong. Am Studio sinn d'Anne Oswald, Responsabel vu lifelong-learning.lu an d'Cathia Gromczyk, Responsabel fir d'Kommunikatioun beim INFPC. D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.


Le contenu de cet article est de la seule responsabilité de son auteur - Radio 100,7