Luxembourgeois - A1.1 du CECRL (LA-LB-283 2022/2023)

Formation extra-scolaire

À qui s'adresse la formation?

Tout adulte souhaitant développer ses compétences

Niveau atteint

CECRL - Niveau A1

Durée

45,00 heure(s)

Langues(s) de prestation

LU

Prochaine session

Objectifs

Se présenter et communiquer dans différentes situations de la vie quotidienne avec des moyens linguistiques simples.

Contenu

  • Héierverstoen
    • Kann a Situatiounen, déi e/se/et gutt kennt (Buttek, Restaurant, Cours,...) einfach, objektiv Informatioune verstoen, déi och kënnen Zuelen enthalen
    • Kann an alldeegleche Situatiounen kuerz, einfach a kloer Instruktioune verstoen: Klass, Repondeur, Weebeschreiwung,...
    • Kann den Haaptmessage vu kuerzen, einfachen an eendeitegen Usoen an Duerchsoen erfaassen
    • Ka, wa lues an däitlech geschwat gëtt, kloer an einfach ausgedréckten Haltungen (Gefalen, Mëssfalen) vum Gespréichspartner zu alldeeglechen Themen omgeféier richtig deiten
  • Liesverstoen
    • Kann a kuerzer, einfacher privater Korrespondenz d'Haaptinformatiounen an d'Positioun vum Schreiwer verstoen
    • Kann a ganz einfachen Alldagstexter, an deenen - dacks a Form vu Lëschten - eng Offer presentéiert gëtt, déi z.D virauszegesinn ass, bestëmmt Informatioune lokaliséieren a verstoen, resp. erausfannen, ob eppes fir hie/si/hatt derbäi ass
    • Kann einfach Instruktioune verstoen (fir d'Aufgaben am Léierbuch,...), wa se schrëttweis opgebaut sinn, ëmsou méi wa se duerch Illustratiounen ënnerstëtzt ginn
  • Mëndlech Interaktioun
    • Kann a ritualiséierte Kommunikatiounssituatiounen op eng einfach Manéier mat gebräichlichen Ausdréck eens ginn (Moien/Bonjour an Äddi/Awar soen, Leit urieden, froe wéi et engem geet an op esou eng Fro äntweren, sech entschëlligen, Merci soen)
    • Kann a kuerzen, alldeegleche Situatiounen a Butteker, Restauranten, op der Post, op der Bank eens ginn
    • Kann an alldeegleche Situatiounen op einfach Manéier Bedierfnisser a Wënsch ausdrécken
    • Kann an alldeegleche Situatiounen Informatioune froen a ginn, bei deene Quantitéiten, Präisser oder (Auer-)Zäiten eng wichteg Roll spillen
    • Ka Gefiller wéi Angscht oder Freed ganz einfach ausdrécken an äntweren, wa Froen dozou gestallt ginn
    • Ka froe fir eppes widderholl oder buschtawéiert ze kréien, a kann sou engem Wonsch selwer nokommen
  • Monologescht Schwätzen
    • Kann an engem onformelle Kontext kuerz Informatiounen iwwer Persounen, Plazen, Aktivitéiten a Liewensverhältnisser ginn a froen
    • Ka Persounen, Déieren an einfach Objeten aus dem alldeeglechen Ëmfeld op eng einfach Manéier beschreiwen a mat anere vergläichen
    • Ka Preferenzen, Meenungen a Recommandatiounen am Zesummenhank mat alldeeglechen Themen (Iessen, Akafen, Fräizäit, Aarbecht, Wunnen,...) ganz einfach ausdrécken an op Meenunge vun anere reagéieren
    • Kann op eng verständlech Manéier Donneeë mat Zuelen (Joreszuelen, Datumen, wichtig Nummeren) uginn
    • Kann no enger einfacher Weebeschreiwung froen a selwer eng ganz einfach Weebeschreiwung ginn
  • Schrëftlechen Ausdrock
    • Ka seng/hir perséinlich Situatioun (Famill, Wunnsituatioun, Beruff) a seng/hir alldeeglech Aktivitéiten (doheem, Beruff/Formatioun, Fräizäit) einfach beschreiwen
    • Ka Persounen, Hobbyen, Plazen einfach, awer verständlech beschreiwen
    • Kann op enger Kaart aus der Vakanz ganz einfach a kuerz soe wéi et em/er geet an iwwer d'Vakanzdestinatioun, d'Wieder an seng/hir alldeeglech Aktivitéiten erzielen
    • Ka kuerz, einfach Notize mat Informatiounen an Opfuederunge fir Kollegen, Frënn oder Familjemembere schreiwen
    • Kann eng kuerz Invitatioun, eng Excuse, Felicitatiounen oder e Bréif fir Merci ze soen, opsetzen. Kann op sou e Schreiwes einfach schrëftlech reagéieren

Certificat, diplôme

Certificat de participation du MENJE (Condition : 70% de taux de participation)

Mode d'organisation

Les inscriptions et les demandes d'informations s'effectuent directement auprès de l'organisateur qui délivre la formation.

Informations supplémentaires

Renseignements complémentaires lors de l'inscription

Ces formations pourraient vous intéresser