Formation continue "Lëtzebuerger Sprooch a Kultur"

Formation inter-entreprise

À qui s'adresse la formation?

Tout public

Niveau atteint

Avancé

Durée

1,00 année(s)

1 Joer (2 Semester) = 27 Seancen (14 am Wantersemester, 13 am Summersemester).
Zäit: freides, tëschent 4 a 6 Stonnen
Volume: 120 Stonn

Langues(s) de prestation

DE LU

Prochaine session

Prérequis

Viraussetzungen, fir ugeholl ze ginn:

  • Premièresexamen (BAC),
  • mammesproochlech Kompetenz am Lëtzebuergeschen.

Objectifs

Am Labo fir lëtzebuergesch Sprooch a Literatur ( Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises ) vun der Universitéit Lëtzebuerg gëtt och an dësem akademesche Joer erëm d'Formation continue "Lëtzebuerger Sprooch a Kultur" (LSK) ugebueden.

An dëser Formatioun, an där friemsproochendidaktesch Inhalter am Vierdergrond stinn, gëtt Léierpersonal aus- a weidergebilt, fir Coursen am Beräich "Lëtzebuergesch als Friemsprooch" fir Erwuessener ze halen. D’Nofro no Lëtzebuergeschcoursë fir auslännesch Matbierger an domat och no qualifizéierten Enseignantë gëtt an der multikultureller Gesellschaft vu Lëtzebuerg ëmmer méi grouss. D’Bestriewungen, de Status vum Lëtzebuergeschen als Integratiounssprooch ze festegen, verstäerken dës Demande nach méi.

Op dem heite Site sinn Informatiounen iwwert de Programm vun der Formatioun (och de virleefege Stonneplang fir d'éischt an d'zweet Semester), d'Équipe d'Enseignants an iwwert d' Aschreiwung ze fannen.

Contenu

1. Semester

  • Modul 1:
    • Sproochstruktur vum Lëtzebuergeschen I (FCLET-1)
    • Lëtzebuerger Orthographie a Grammaire fir Fortgeschrattener (FCLET-8)
  • Modul 2: Friemsproochendidaktik (FCLET-2)
  • Modul 3:Literatur/ Kultur/ Medien (FCLET-3)

2. Semester

  • Modul 4: Sproochstruktur vum Lëtzebuergeschen II (FCLET-6)
  • Modul 5: Friemsproochendidaktik II (FCLET-7)
  • Modul 6: Literatur/ Kultur/ Medien II (FCLET-5)

Évaluation

Wann d’Exame mat Succès ofgeschloss gi sinn, gëtt e Certificat ausgestallt.

Mode d'organisation

Sproochen, an deenen d’Formatioun ofgehale gëtt: Lëtzebuergesch, Däitsch

Informations supplémentaires

Maximum u Kandidaten: 20

Kandidatur: eng schrëftlech Demande.
Déi heiten Dokumenter gi verlaangt:
1. Kopie vum Premièresdiplom,
2. Lettre de Motivation op Lëtzebuergesch, an där d’Kompetenzen, d’Experienz an d’Virstellungen am Kader vun ‚Lëtzebuergesch als Friemsprooch’ virgestallt ginn,
3. evtl. weider Dokumenter (z.B. Universitéitsdiplom, Zwëscheprüfungscertificat, aner Certificaten).

D’Inscriptioun gëtt iwwert den Internet beim‚ Service des Études et de la Vie Étudiante’(SEVE) gemaach. Och d’Dossiere mat der Demande mussen un de SEVE geschéckt ginn.

Ces formations pourraient vous intéresser