Aller au contenu

Informatiounsversammlung - Kofinanzement vun der Formatioun an de Betriber

18.03.2024
INFPC
Organiséiert mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend an de Beruffschamberen
Chambre de Commerce
7, rue Alcide de Gasperi
L-2981 Luxembourg-Kirchberg
13h00 - 14h00
Umeldung obligatoresch

INFPC

+352 46 96 12 218

Mellt Iech fir d'Informatiounsveranstaltung am presentiel un. D'Participatioun ass gratis, d'Umeldung obligatoresch

Sech umellen

Dir sidd e Betrib, deen zu Lëtzebuerg etabléiert an haaptsächlech do aktiv ass?

Da kënnt Dir eng staatlech Bäihëllef fir d'Formatioun vun äre Mataarbechter ufroen. Dës Bäihëllef beleeft sech op 15% (steierflichteg) vum Joresbetrag, deen an d'Formatioun investéiert gëtt. Betriber, déi dës Bäihëllef an Usproch huele wëllen, mussen eng Kofinanzéierungsdemande areechen.

Eng Erhéijung ëm 20% gëtt et um Niveau vun de Lounkäschte vu Participanten, déi kee vun de staatlechen Autoritéiten unerkannten Diplom an eng Anciennetéit vu manner wéi 10 Joer hunn, a fir qualifizéiert Salariéen, déi zum Zäitpunkt vum Ëmsetze vum Formatiounsplang vun der Entreprise méi wéi 45 Joer al sinn.

Den INFPC begleet d'Entreprisen, déi eng staatlech Bäihëllef fir d'Formatioun an de Betriber ufroen an iwwerpréift d'Kofinanzéierungsdemanden am Optrag vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend.


Le contenu de cet article est de la seule responsabilité de son auteur - INFPC