Aller au contenu

Informatiounsversammlung iwwert Bäihëllefen fir d'Formatioun fir Privatleit

24.05.2023
Chambre des salariés (CSL)
2-4, rue Pierre Hentges
L-1726 Luxembourg
18h00 - 19h30
Inscription obligatoire

Liliane Sousa

+352 46 96 12 220

D'Informatiounsveranstaltung gët als Presentiel-Veranstaltung (limitéiert Plazen) ugebueden a simultan am Livestream iwwerdroen. D'Participantë vun der Presentiel-Veranstaltung kréien och d'Méiglechkeet, direkt no der Veranstaltung hir Froen ze stellen.

Privatpersounen, déi hir Kompetenzen ausbauen, de Beruff wiesselen oder hir Karriär virundreiwe wëllen, hunn Usproch op Bäihëllefe fir d'Weiderbildung.

D'Bäihëllefsmoossnamen, déi ënner bestëmmte Bedéngungen accessibel sinn, kënne follgend Formen unhuelen:

  • Bezuelte Spezialcongé: Individuelle Formatiounscongé, Sproochecongé oder Jugendcongé fir sech ze forméieren, woubäi d'Remuneratioun iwwerholl gëtt
  • Organisatioun vun der Aarbechtszäit: perséinlecht Amenagement vun der Aarbechtszäit oder Congé sans solde, fir datt de Salarié seng Formatioun en fonction vu sengen Aarbechtszäiten an Disponibilitéiten organiséiere kann
  • Finanziell Bäihëllefen: steierlech Ofsetzbarkeet, finanziell Bäihëllefe fir Héichschoulstudien, Programm Erasmus+…

Den INFPC presentéiert déi verschidde Mesuren, fir d'Demarchë fir den Zougang zur Formatioun ze vereinfachen.

Sech umellen.


Le contenu de cet article est de la seule responsabilité de son auteur - INFPC