Wat ass mat D’Lëtzebuerger Sprooch(en) gemengt? Ma dat sinn engersäits déi ënnerschiddlech Aart a Weisen, wéi Lëtzebuergesch benotzt gëtt. Anerersäits sinn et och déi vill Sproochen, déi zu Lëtzebuerg gebraucht ginn. An doriwwer gëtt et vill ze soen!An dëser Wanderausstellung, un där den ZLS iwwer Méint zesumme mat Historical Consulting geschafft huet, gëtt sech mat dësen Thematiken auserneegesat.Elo ass et och endlech sou wäit, an d’Ausstellung gëtt dem Public fir d’éischte Kéier presentéiert!Den Här Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, invitéiert Iech häerzlech op d’Presentatioun vun der Ausstellung. Den Owend gëtt vun der lëtzebuergescher Hiphop-Kënschtlerin Nicool musikalesch encadréiert. No der Presentatioun gi Visite-guidéeë bei engem Patt ugebueden.Mellt Iech wgl. bis de 27. Juni 2023 online un. Jiddwereen ass wëllkomm!