Formation de l'infirmier tuteur
4 Tag(e)
Ziele
Nouveauté 2022: Formation multilingue et intégration spécialisations
La formation de l’infirmier tuteur devient multilingue: Dorénavant la langue véhiculaire standard du cours sera le luxembourgeois. Cependant, toutes les discussions pourront se faire en luxembourgeois, allemand ou français, selon les besoins concrets des participants du groupe. Les supports de cours seront disponibles en français et en allemand.
La formation de l’infirmier tuteur intègre les spécialisations:
Développée principalement pour les soins généraux, la formation connaît néanmoins un succès conséquent dans les spécialisations. Afin de mieux pouvoir répondre à ces demandes et questions, une version "spécialisée" sera proposée une première fois plus tard au printemps 2022 lors de laquelle les coordinateurs des spécialisations seront présents au module 3. Cette première promotion printemps 2022 est par conséquent réservée aux soins généraux.
Dir encadréiert Infirmiers-Stagiairen?
An Zesummenaarbecht mam LTPS, bidde mir iech dës Formatioun un, déi iech hëllefe wäert är Kompetenzen fr d’Begleedung vun de Studenten ze erweideren. Esou kënnt dir nach besser an är Roll als Tuteur erawuessen an är Missiounen am Kader vum Encadrement vun de Studenten esou erfëllen, datt si fir iech an är Institutioun am meeschte Sënn mécht.
Objectifs
D’Zil vun der Formatioun ass iech de Référentiel de compétences vum LTPS nozebréngen an iech ze hëllefen är Plaz als Tuteur ze fannen, dat mat deem richtege pädagogesche Bagage.
Um Enn vun der Formatioun sidd dir fäheg:
- iech als Tuteur/Tutrice ze positionnéieren
- d’Léierziler vum LTPS ze verstoen a si um Terrain ëmzesetzen
- är Approche ze strukturéieren an effizient ze kommunizéieren
- d’Studenten an hirem Stage z’encadréieren, hinnen d’Méiglechkeet ze ginn sou vill wéi méiglech ze léieren a si z’evaluéieren
D’Formatioun ass kloer op d’Soins généraux ausgeluecht. Eng speziell Version vun der Formatioun fir Tuteuren an enger Spezialiséierung gëtt hei ugebueden.
Inhalt
D’Formatioun ass op 4 Deeg opgedeelt an deenen dir ënneschiddlech Säite vun ärer Roll als Tuteur a Begleeder vun de Studente während hirem Stage an der Infirmiersausbildung kenneléiere wäert. Dir kritt esou alles wat dir braucht fir är Plaz am Enseignement clinique anzehuelen.
Modul 1: D’ROLL VUM TUTEUR A SÄI PÄDAGOGESCHE POSITIONNEMENT
- äre perséinleche Formatiounsplang (PIF) erstellen => Virbereedung op Distanz
- déi verschidde Rollen a Missioune vun den implizéierten Akteuren am Enseignement clinique identifizéieren
- d’Zilsetzung vum Enseignement clinique erfaassen
- d’Critèren vun engem gudden Encadrement festleeën
- d’pädagogesch Missioun vum Tuteur erausschaffen
- dem Tuteur seng Kompetenzen ënnersichen
Modul 2: D’LÉIERZILER VERSTOEN A SI UM TERRAIN ËMSETZEN
- sech de Référentiel de compétences vum LTPS uneegnen
- d’Philosophie vum LTPS kenneléieren
- d’Erwaardunge vum LTPS vis-à-vis vun de Studenten novollzéien
- ugepasste Léiersituatiounen erkennn an hir Modalitéiten festleeën
- Praxis-Tipps austauschen
Modul 3: SENG APPROCHE STRUkTURÉIEREN AN EFFIZIENT KOMMUNIZÉIEREN
- d’Studente begleeden an hinnen Wëssen a Kompetenzen vermëttelen
- Aufgabe verdeelen
- de Fortschrëtt vun de Studenten moossen, analyséieren a fërderen
- Feedback ginn an akiv kommunizéieren
- d’Co-Évaluatiounsfiche vum LTPS kennen a benotzen
- Konflikter virausgesinn, vermeiden a geréieren
Modul 4: VUM ACCUEIL BIS HIN ZUR EVALUATIOUN
- de Stagiaire empfänken an integréieren
- den Encadrement personaliséieren
- oppassen op d’Motivatioun
- Kompetenzen evaluéieren
- de Student evaluéieren
- sech selwer evaluéieren
- Entwécklungspunkten opdecken a Verbesserungsweeër sichen
Zielgruppe
An wen richtet sich die Weiterbildung?
Tout professionnel encadrant les étudiants en soins infirmiers du LTPS. La formation a été développée pour les soins généraux. Les candidats avec spécialisations seront acceptés dans une prochaine promotion au printemps 2022.
|
Bewertung
Zertifikat, Diplom
Certificat de participation délivré par le Competence Centre et le LTPS
|