Informatiounsveranstaltungen: Congéen a Bäihëllefen am Formatiounsberäich fir Privatpersounen
INFPC, le 07-10-2021
Den INFPC organiséiert zesumme mat de Beruffskummeren a mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend den 18. an den 20. Oktober 2021 zwou Informatiounsveranstaltungen zum Theema Bäihëllefe fir d'Weiderbildung fir Privatpersounen.
Wie sech wëll weiderbilden, fir seng Kompetenzen auszebauen, seng Talenter ze stäerken oder de Beruff ze wiesselen a seng Karriär virunzedreiwen, ka Bäihëllefe fir d'Weiderbildung kréien.
Dës Bäihëllefen, déi ënner bestëmmte Bedéngunge kënnen an Usproch geholl ginn, gëtt et a Form vu spezielle Congéen (individuelle Formatiounscongé, Sproochecongé, Jugendcongé), Mesuren am Zesummenhang mat der Aarbechtszäit (perséinlechen Amenagement vun der Aarbechtszäit, onbezuelte Formatiounscongé) a spezielle Subsiden.
D'Informatiounsveranstaltungen si Präsenzveranstaltungen, déi och am Livestream iwwerdroe ginn, a fanne méindes, den 18. Oktober, um 18:00 Auer op Lëtzebuergesch a mëttwochs, den 20. Oktober, um 18:00 Auer op Franséisch an der Chambre des salariés, 2 - 4 rue Pierre Hentges, L-1726 Luxembourg statt.
D'Participatioun ass gratis, et muss ee sech awer op www.infpc.lu/inscription-aides
aschreiwen.
Personne de contact
Cathia Gromczyk
Responsable communication
Tél. +352 46 96 12 221
cathia.gromczyk@infpc.lu