Luxembourgeois - A1.2 du CECRL (LA-LB-695 2023/2024)

Blended learning

À qui s'adresse la formation?

Tout adulte souhaitant développer ses compétences

Niveau atteint

CECRL - Niveau A1

Durée

60,00 heure(s)

Langues(s) de prestation

LU

Prochaine session

13.05.2024
Lieu
Online

Prix

180,00€

Objectifs

Vous présenter, faire connaissance avec quelqu'un, faire des achats, parler de vos habitudes de vie (logement, loisirs), lire et remplir des formulaires simples, des invitations, des cartes postales.

Contenu

  • Héierverstoen
    • Kann einfach technesch Informatioune verstoen, wéi z.B. Instruktioune fir en Apparat, deen een all Dag benotzt, ze bedéngen.
    • Kann detailléiert Weebeschreiwunge suivéieren.
    • Ka konkret Erklärungen, Uweisungen an Opdräg verstoen, z.B. op der Aarbecht am Cours, bei Fräizäitaktivitéiten.
    • Kann an enger kuerzer, einfacher, linearer Erzielung d'Handlung suivéieren a wichteg Detailer verstoen.
    • Ka bei Gespréicher tëscht Mammesproochler iwwer Themen aus Beräicher wéi Aarbecht, Schoul/Formatioun, Fräizäit, déi e/se/et gutt kennt an déi en/se/et intresséieren, d'Haaptpunkte matkréien, wa kloer Standardsprooch geschwat gëtt.
    • Kann och méi laang an/oder méi komplex Messagë verstoen, wa se a kloer artikuléierter Standardsprooch geschwat sinn.
    • Kann d'Haaptpunkten aus Toundokumenter iwwer einfach Theme vu perséinlechem oder allgemengem Interessi verstoen, wa kloer Standardsprooch an zimlech lues geschwat gëtt.
    • Kann, soulaang se onkomplizéiert bleiwen a kloer an an einfacher Standardsprooch presentéiert ginn, Beschreiwunge vu Saache verstoen, déi e/se/et gutt kennt oder déi e/se/et perséinlech intresséieren.
  • Liesverstoen
    • Ka kloer formuléiert, onkomplizéiert Instruktioune fir d'Benotzung vun engem Apparat verstoen.
    • Kann a Beschreiwunge vu Saachen, déi en/se/et intresséieren, Haaptinformatioune verstoen.
    • Kann an onkomplizéierten, alldeeglechen Noriichten an Zeitungsartikelen wichteg Eenzelinformatioune verstoen, z.B. wie wat wou gemaach huet oder wat wéini wou geschitt ass (ë.a. Fait-diversë wéi:Noriichten iwwer d'Liewen an d'Carrière vu prominente Leit; Accidenter, Delikter a Verbriechen zu Lëtzebuerg; Katastrophen uechter d'Welt,...).
    • Kann an einfachen, privaten oder héichoffizielle Standardbréiwer dat Wiesentlecht verstoen (z.B.Convocatioun op d'Versammlung vun engem Veräin mat der Dagesuerdnung).
    • Kann an alldeeglechen Texten, déi - dacks a Form vu Lëschten - eng Offer presentéieren, wichteg Informatioune lokaliséieren a verstoen, resp.erausfannen, ob eppes derbäi ass, wat en/se/et intresséiert.
    • Kann a kuerzen normativen Texter, déi fir de breede Public bestëmmt sinn, relevant Informatioune lokaliséieren a verstoen.
  • Monologescht Schwätzen
    • Ka Plazen, Saachen a Persounen, déi e/se/et gutt kennt oder déi en/se/et intresséieren, einfach beschreiwen (z.B. d'Uertschaft aus där e/se/et kënnt, déi eege Wunneng, e Familljemember, d'Aarbechtsplaz).
    • Kann einfach Informatioune ginn, déi en/se/et direkt betreffen (z.B. iwwer Hobbyen oder wou e/se/et mat enger Aarbecht drun ass), a kloer maachen, wat em/er dobäi am wichtegsten ass oder wat déi wichtegst Vir - an Nodeeler sinn.
    • Kann e kuerzen, ageübten Text iwwer en einfacht Thema, dat e/se/et gutt kennt, esou virdroen, dass en/se/et trotz friemer Intonatioun a Betounung kloer ze verstoen ass.
    • Kann Usiichten, Pläng, Ziler oder Handlunge kuerz an einfach justifiéieren oder erklären.
    • Kann Dreem an Hoffnungen einfach beschreiwen, z.B. säin/hiert Dramhaus, seng/hir Hoffnunge vis-à-vis vun enger neier Aarbechtsplaz, seng/hir Ziler an engem Cours.
    • Ka vun Erfahrungen an Evenementer einfach a linear erzielen an dobäi eege Reaktiounen a Meenungen abezéien.
    • Ka linear vun der eegener berufflecher Carrière, vu perséinleche Projeten schwätzen.
  • Mëndlech Interactioun
    • Ka mat Hëllef vun engem Questionnaire, dee virbereet gouf, e staark gesteierten Interview mat e puer spontanen Zousazfroe féieren.
    • Kann an einfache Froe Rotschléi ginn an der froen.
    • Ka bei informellen Diskussiounen iwwer Themen, déi en/se/et intresséieren, am Allgemengen déi wiesentlech Punkte verstoen, virausgesat, et gëtt däitlech Standardsprooch geschwat, a ka selwer op eng einfach Manéier Meenungen ausdrécken oder Leit no hirer Meenung froen.
    • Kann an einfache Situatioune mat Verwaltungen eens ginn z.B. um Policebüro mellen, dass een eppes geklaut krut; eng Aarbechtserlaabnes froen an an deem Kontext op Froen äntweren; iwwer Telefon Renseignementer froen an eng Brochure froen.
    • Kann an de meeschte Situatiounen zuwee kommen, mat deenen een als Benotzer vum ëffentlechen Transport, als "Tourist fir een Dag" zu Lëtzebuergoder beim Organiséiere vun Auslandsreese konfrontéiert gëtt (z.B. beim Schalter op der Gare, am Touristebüro, an enger Reesagence Renseignementerfroen, Billjeeë kafen, Reservatioune maachen).
    • Kann ouni Virbereedung u Gespréicher iwwer Themen deelhuelen, déi e/se/et gutt kennt (z.B. iwwer en neie Restaurant, e friemt Land, Erfahrungen op der Aarbecht, am Cours), wann d'Gespréichspartner hir Ausdrocksweis a Schwätzvitesse upassen a Gedold weisen.
    • Kann einfach faktuell Informatiounen austauschen iwwer Themen, déi e/se/et gutt kennt an iwwer Themen aus sengem/hirem Fach oder Interessegebitt.
    • Kann Deeler vun deem, wat en anere gesot huet, widderhuelen, fir dat géigesäitegt Versteesdemech ze sécheren. Kann anerer opfuerderen, um Gespréich deelzehuelen.
  • Schrëfltechen Ausdrock
    • Kann an einfache Situatioune mat Verwaltunge korrespondéieren z.B. fir Informatiounsbroschüren ze froen oder ze mellen dass een eppes geklaut krut.
    • Kann einfach a verständlech Saachen, Plazen, Persoune beschreiwen, déi e/se/et perséinlech intresséieren oder déi e/se/et gutt kennt an dobäi z.D. och perséinlech Meenungen ausdrécken.
    • Kann eng einfach Annonce opsetzen. Ka schrëftlech op Annoncë reagéieren a méi oder méi genee Informatioune verlaangen.
    • Kann an engem einfache Virtrag (Konferenz, Visite guidée, Cours,...) Notizen a Form vun enger Lëscht vun Haaptpunkte maachen, souwäit en/se/et d'Thema kennt an einfach an däitlech Standardsproochgeschwat gëtt.
    • Kann e perséinleche Bréif schreiwe fir Neiegkeete matzedeelen, an doranner am Detail, awer einfach iwwer Erfahrungen, Gefiller, Evenementer erzielen.
    • Ka fir Frënn, Employéën, Léierpersounen oder anerer, mat deenen en/se/et am alldeegleche Liewen ze dinn huet, Notize schreiwe mat einfachen Informatiounen, déi hie/si/hatt selwer oder den Empfänger direkt betreffen, a ka verständlech maache wat em/er dobäi am Wichtegsten ass. Kann och Notize schreiwe fir Informatiounen ze froen.
    • Kann eng einfach strukturéiert Geschicht, eng Anekdot linear erzielen.

Certificat, diplôme

Certificat de participation du MENJE (Condition : 70% de taux de participation)

Prochaine session

Date
Ville
Language & prix
13.05.2024

10.07.2024
Online
LU 180,00€

Mode d'organisation

Les inscriptions et les demandes d'informations s'effectuent directement auprès de l'organisateur qui délivre la formation.

Ces formations pourraient vous intéresser