Informatiounsveranstaltungen: Congéen a Bäihëllefen am Formatiounsberäich fir Privatpersounen
INFPC, le 03-05-2022
An Zesummenaarbecht mat de Beruffschamberen a mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend organiséiert den INFPC de 16. an den 18. Mee 2022 zwou Informatiounsveranstaltungen iwwer d'Bäihëllefen am Formatiounsberäich fir Privatpersounen.
Persounen, déi hir Kompetenzen ausbauen, hir Talenter stäerken oder de
Beruff wiesselen an hir Karriär virundreiwe wëllen, hunn Usproch op
Bäihëllefe fir d'Weiderbildung.
Dës Bäihëllefen, déi u verschidde
Konditioune gebonne sinn, gi bereetgestallt a Form vu Spezialcongé
(individuelle Formatiounscongé, Sproochecongé, Jugendcongé), Mesuren am
Beräich vun der Aarbechtszäit (perséinlechen Amenagement vun der
Aarbechtszäit, onbezuelte Formatiounscongé) oder spezielle Subsiden.
D'Informatiounsveranstaltunge fanne statt:
- Méindes, den 16. Mee 2022 op Lëtzebuergesch (18:00-19:30 Auer)
- Mëttwochs, den 18. Mee 2022 op Franséisch (18:00-19:30 Auer)
an
der Chambre des salariés (2 - 4 rue Pierre Hentges, L-1726 Luxembourg).
Si ginn als Presentiel-Veranstaltungen (limitéiert Plazen) ugebueden an
am Livestream iwwerdroen.
D'Participatioun ass gratis an d'Umeldung op
www.infpc.lu/inscription-aides ass obligatoresch.
Méi Informatiounen:
lifelong-learning.lu
Kontaktpersoun
Cathia Gromczyk
Responsable communication
Tél. +352 46 96 12 221
cathia.gromczyk@infpc.lu