D'Portal fir liewenslaangt Léieren
LU
DE
EN
FR
PT

Gemeinsamen europäesche Referenzkader fir Sproochen (Cadre européen commun de référence pour les langues - CECRL)

E Referenzinstrument fir Transparenz a Kohärenz

De CECRL gouf entwéckelt mam Zil, eng transparent, kohärent a méiglechst breet Basis fir d'Ausschaffe vu Sproocheprogrammer, Richtlinne fir d'Programmer, Unterrechts- a Léiermaterial an d'Evaluatioun vun de Kompetenzen an de Friemsproochen ze schafen.
Dëse Kader gouf ënnert der Schirmherrschaft vum Europarot ausgeschafft a gëtt net nëmmen an Europa mä och op anere Kontinenter benotzt. En ass a 40 Sprooche verfügbar.

Referenzniveauen - A1, A2, B1, B2, C1, C2

De CECRL beschreift d'Kompetenzen an de Friemsproochen an deelt se op 6 Niveauen op: A1 an A2, B1 a B2, C1 an C2, woubäi A1 déi niddregst an C2 déi héchste Kompetenzstuf ass.

CECRL_Arborescence en 3 niveaux généraux






Fir de lokale Besoine gerecht ze ginn an trotzdem mam allgemenge System vum CECRL verbonnen ze bleiwen, kënnen d'Kompetenzniveauen an Zwëschen- oder Ënnerniveauen ënnerdeelt ginn.

Mat dëser flexibeler Arborescence (z. B.: A1 - A1.1, A1.2) kënnen d'Instituter d'Niveauen esou wäit ënnerdeelen, wéi et fir si wichteg ass, fir d'Niveauen, déi an hirem System benotzt ginn, ze situéieren an/oder mat der Terminologie vum CECRL auszedrécken.

E Beispill vun enger flexibeler Arborescence:

CECRL_Arborescence souple





Méi Informatiounen

Kompetenzniveauen - Global Echelle

Mat dëser Echelle kënnen Tester an Examen a verschiddene Sprooche verglach ginn. De CECRL liwwert och eng Basis fir d'géigesäiteg Unerkennung vu Certificatiounen an de Sproochen a fërdert esou d'Mobilitéit am Bildungsberäich an am Beruffsliewen.

Elementare
Sproochgebrauch
A1
Aféierung
Ka vertraut, alldeeglech Ausdréck a ganz einfach Aussoen, mat deene konkret Besoine sollen erfëllt ginn, verstoen a benotzen. Ka sech oder anerer virstellen an anere Leit Froen zu hirer Persoun stellen - zum Beispill wou se wunnen, wéi eng Leit se kennen, wéi eng Saache se hunn asw. - a kann op dës Zort Froen äntweren. Ka sech op eng einfach Manéier verstännegen, wann de Gespréichspartner lues an däitlech schwätzt a sech kooperativ weist.

A2
Éischt Grondlagen
Kann eenzel Sätz an oft benotzten Ausdréck verstoen, déi mat direkte Prioritéitsberäicher ze dinn hunn (zum Beispill einfach Informatiounen iwwer d'Persoun oder d'Famill, Akafen, not Ëmfeld, Aarbecht). Ka sech an einfachen a gewinnte Situatioune verstännegen, bei deenen nëmmen en einfachen an direkten Austausch vun Informatiounen iwwer bekannten a gewinnte Sujeten néideg ass. Ka mat einfache Mëttele seng Formatioun, säin direkt Ëmfeld a Saachen am Zesummenhang mat sengen direkte Besoine beschreiwen.
Selbststännege
Sproochgebrauch

B1
Mëttelstuf
Kann d’Haaptpunkte verstoen, wann eng kloer Standardsprooch gebraucht gëtt a wann et ëm vertraut Theme vun der Aarbecht, der Schoul, der Fräizäit asw. geet. Ka sech an deene meeschte Situatiounen op Reesen an enger Regioun, an där d'Zilsprooch geschwat gëtt, debrouilléieren. Ka sech einfach a kohärent iwwer vertraut Themen an am Zesummenhang mat sengen Interessensgebidder äusseren. Kann en Erliefnes, eng Erfarung oder en Dram erzielen, eng Hoffnung oder en Zil beschreiwen a Grënn oder Erklärunge fir e Projet oder eng Iddi kuerz duerstellen.

B2
Avancéiert Mëttelstuf
Kann d'Haaptinhalter vu konkreten oder abstrakte Sujeten an engem komplexe Kontext an och fachlech Diskussiounen op sengem Spezialgebitt verstoen. Ka sech esou spontan a fléissend verstännegen, datt e Gespréich mat engem Mammesproochler fir béid Säiten ouni Tensioune méiglech ass. Ka sech kloer an detailléiert zu engem breede Spektrum un Themen ausdrécken, eng Meenung zu engem aktuellen Thema ofginn an d'Vir- an Nodeeler vu verschiddene Méiglechkeeten duerstellen.
Kompetente
Sproochgebrauch
C1
Autonomen Niveau
Kann eng grouss Bandbreet u laangen an exigenten Texter verstoen an implizit Bedeitungen erfaassen. Ka sech spontan a fléissend ausdrécken, ouni ze vill offensichtlech no Wierder ze sichen. Kann d'Sprooch efficace a flexibel a sengem sozialen, berufflechen oder akademesche Liewe benotzen. Ka sech kloer a gutt strukturéiert zu komplexen Themen äusseren a beherrscht d'Mëttelen, fir säin Discours ze organiséieren, ze artikuléieren a kohärent ze gestalten.

C2
Maîtrise
Ka praktesch alles, wat e liest oder héiert ouni Méi verstoen. Kann Informatiounen an Argumenter aus verschiddene schrëftlechen a mëndleche Quellen erëmginn a se kohärent resuméieren. Ka sech spontan, ganz fléissend a präzis ausdrécken a Sënnnuancen am Zesummenhang mat komplexe Sujeten däitlech maachen.

Grille fir d'Auto-Evaluatioun

Fir et den Apprenanten ze erméiglechen, hire Kompetenzniveau am CECRL ze situéieren, gëtt eng Grille fir d'Auto-Evaluatioun ugebueden, op där d'Haaptkategorie vum Sproochgebrauch op alle 6 Niveauen duergestallt sinn.

Kategorië vun der Sproochverwendung:

  • VERSTOEN: Lauschteren | Liesen
  • SCHWÄTZEN: Un engem Gespréich deelhuelen | Sech fléissend mëndlech ausdrécken
  • SCHREIWEN

D'Grille fir d'Auto-Evaluatioun vum CECRL consultéieren.

Lescht Aktualiséierung - 21.10.2020

 

Drécken Alles gesinn/verstoppen
Op Facebook deelen Op Twitter deelen Op LinkedIn deelen Un e Frënd schécken
All d'News gesinn
 
 
Jan Feb Mäe Abr
Mee Juni Jul Aug
Sep Okt Nov Dez
War dës Säit nëtzlech fir Iech? Är Meenung hëlleft eis, dëse Site ze verbesseren. Schéckt Är Commentairen un eise webmaster. Jo E bëssen Nee
Asaz vu Cookien

lifelong-learning.lu setzt Cookien an, fir Iech eng héichwäerteg User-Experienz ze garantéieren, de Benotzertrafic ze moossen, d'Funktionalitéite vun de sozialen Netzwierker ze optiméieren an Iech personaliséiert Inhalter unzebidden.

Wann Dir op dësem Site weidersurft, erkläert Dir Iech mam Asaz vu Cookien ënnert de Konditiounen, déi an den entspriechender Richtlinne festgeluecht goufen, averstanen. Méi doriwwer.

Noutwenneg Cookien
Dës Cookien erlaben et, d'Haaptfunktionalitéite vun eisem Site ze benotzen (zum Beispill den Zougang zu Ärem perséinleche Beräich). Ouni dës Cookië kënnt Dir eise Site net normal benotzen.
Statistiken
Dës Cookien erlaben eis, Statistiken iwwer d'Frequentatioun vun eisem Site opzestellen. Wann Dir se desaktivéiert, verhënnert Dir, datt mir d'Qualitéit vun eise Servicer suivéieren a verbessere kënnen.
Geziilt Publicitéit
Dës Cookien erlaben et, Iech um Internet an an de sozialen Netzwierker Informatiounen a Formatiounsofferen unzeweisen, déi Äre Besoinen am beschten entspriechen.

Eis Richtlinne fir den Asaz vu Cookië consultéieren

Akzeptéieren D'Cookië parametréieren