D'Portal fir liewenslaangt Léieren
LU
DE
EN
FR
PT

Bäihëllef fir d'Acquisitioun vun der Lëtzebuerger Nationalitéit

Vum Remboursement vun den Aschreiwungskäschte fir de Sproochentest an/oder d'Lëtzebuergeschcoursë profitéieren

D'Legislatioun schreift den Auslänner, déi zu Lëtzebuerg wunnen an d'Lëtzebuerger Nationalitéit duerch Naturalisatioun oder Optioun kréie wëllen, vir

  • de Cours "Zesummen zu Lëtzebuerg liewen" matzemaachen,
  • den Exame fir d’Evaluatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch "Sproochentest Lëtzebuergesch" ze packen.

Méi Detailer iwwer d'Acquisitioun vun der Lëtzebuerger Nationalitéit.

Remboursement vun den Aschreiwungskäschten

De Staat rembourséiert dem Kandidat ënnert de Konditiounen, déi an engem groussherzogleche Reglement festgeluecht sinn, a bis zu enger Héicht, déi am selwechte Reglement festgeluecht ass, d'Käschte vun der Aschreiwung fir:

  • de Lëtzebuerger Sproochentest (Aschreiwungskäschten: 75 €). 
  • de Cours "Aféierung an d'Lëtzebuerger Sprooch" (24 Stonnen) mam Schwéierpunkt mëndlechen Ausdrock an Héierverstoen.
    Dëse Cours gëtt vum Nationale Sproocheninstitut (Institut national des langues - INL) oder engem Prestataire, deem säi Programm vum Minister, dee fir d'Educatioun zoustänneg ass, agreéiert ass. 

  • aner Lëtzebuergeschcoursen, déi vum INL oder engem Prestataire, deem säi Programm vum Minister, dee fir d'Educatioun zoustänneg ass, agreéiert ass, organiséiert ginn an am Kader vun enger Demande fir d'Acquisitioun vun der Lëtzebuerger Nationalitéit suivéiert ginn.

D'Demande fir de Remboursement muss beim Service de l'Indigénat vum Justizministère agereecht ginn.

Lescht Aktualiséierung - 27.10.2020

 

Drécken Alles gesinn/verstoppen
Op Facebook deelen Op Twitter deelen Op LinkedIn deelen Un e Frënd schécken
All d'News gesinn
 
 
Jan Feb Mäe Abr
Mee Juni Jul Aug
Sep Okt Nov Dez
War dës Säit nëtzlech fir Iech? Är Meenung hëlleft eis, dëse Site ze verbesseren. Schéckt Är Commentairen un eise webmaster. Jo E bëssen Nee
Asaz vu Cookien

lifelong-learning.lu setzt Cookien an, fir Iech eng héichwäerteg User-Experienz ze garantéieren, de Benotzertrafic ze moossen, d'Funktionalitéite vun de sozialen Netzwierker ze optiméieren an Iech personaliséiert Inhalter unzebidden.

Wann Dir op dësem Site weidersurft, erkläert Dir Iech mam Asaz vu Cookien ënnert de Konditiounen, déi an den entspriechender Richtlinne festgeluecht goufen, averstanen. Méi doriwwer.

Noutwenneg Cookien
Dës Cookien erlaben et, d'Haaptfunktionalitéite vun eisem Site ze benotzen (zum Beispill den Zougang zu Ärem perséinleche Beräich). Ouni dës Cookië kënnt Dir eise Site net normal benotzen.
Statistiken
Dës Cookien erlaben eis, Statistiken iwwer d'Frequentatioun vun eisem Site opzestellen. Wann Dir se desaktivéiert, verhënnert Dir, datt mir d'Qualitéit vun eise Servicer suivéieren a verbessere kënnen.
Geziilt Publicitéit
Dës Cookien erlaben et, Iech um Internet an an de sozialen Netzwierker Informatiounen a Formatiounsofferen unzeweisen, déi Äre Besoinen am beschten entspriechen.

Eis Richtlinne fir den Asaz vu Cookië consultéieren

Akzeptéieren D'Cookië parametréieren