TEVA, Iwwergang Schoul - Beruffsliewen
TEVA (Transition École-Vie Active) ass eng Längsschnittstudie, déi den Ufank vun de Schüler hirer berufflecher Carrière analyséiert, nodeem si de Schoulsystem verlooss hunn.
Schüler, déi hir Studien eng éischte Kéier ënnerbriechen, sief et während oder um Enn vum Schouljoer, dat mat engem Certificat oder Diplom am Kader vun der Beruffsausbildung, vum Enseignement secondaire général oder vum Enseignement secondaire classique ofgeschloss gëtt, an déi ënner 25 Joer al sinn, gi während den éischten 3 Joeren no hirem Antrëtt an d'Beruffsliewen (36 Méint) regelméisseg suivéiert.
D'Donnéeën, déi benotzt ginn, stamen aus den administrative Bases de données vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend (MENJE), vum Informatiounszentrum fir Héichschoulstudien vum Ministère fir Héichschoul a Fuerschung (MESR) a vun der Generalinspektioun vun der Sécurité sociale (IGSS).