GOEN BIS INHALT
D'Portal fir liewenslaangt Léieren
LU
DE
EN
FR
PT

D'VAE fir Universitéitsdiplomer - Bachelor a Master

D'Validation des acquis de l'expérience oder VAE vun der Universitéit Lëtzebuerg erlaabt et, seng Erfarung valoriséieren ze loossen, mam Zil:

  • Zougang zu engem Bachelor-Programm (Bac + 3) oder Master-Programm (Bac + 5) vun der Universitéit ze kréien
  • Transfert-Kreditter oder Dispensen ze kréien.
D'VAE gëllt fir all Zilgruppen, onofhängeg vum Alter, vun der schoulescher Ausbildung oder der berufflecher Situatioun. Eng onëmgänglech Bedéngung ass, datt d'Kandidaten wärend engem Zäitraum, dee mindestens 3 Joer Vollzäitaarbecht entsprécht, eng bezuelten, net bezuelten oder benevole Aktivitéit mat oder ouni Ënnerbriechung an am direkten Zesummenhang mat dem ugestrieften Diplom ausgeüübt hunn.


Demarchen

Fir eng Validation des acquis de l'expérience ze kréien, mussen d'Kandidate pertinent Kenntnisser, Fäegkeeten a Kompetenzen noweisen. Ënnersicht ginn nëmmen Dossieren, déi vollstänneg a korrekt sinn. Nieft de gefroten Dokumenter kann zu der Evaluatioun och e Gespréich, eng Aarbecht oder en Test zielen.

D'Beweiser gi par rapport zu den Zougangsbedéngungen, de spezifeschen Ufuerderunge vum Studieprogramm an den Acquis d'apprentissage evaluéiert. D'Evaluatioun erfollegt op der Basis vun den Niveaus-Descripteuren, déi am Lëtzebuergesche Certificatiounskader definéiert sinn, de spezifeschen Zougangsbedéngungen zum Studieprogramm an dem Plang vun de Modüllen an de Coursen, déi am Programm ugebuede ginn. D'Demandë gi vun den Enseignanten a vu kompetente Fachleit aus deem jeeweilege Beräich evaluéiert. D’Universitéit akzeptéiert oder berücksichtegt keng Evaluatioun vun enger anerer Institutioun am Hibléck op d'Validation des acquis de l'expérience.

Eng Validatioun gëllt ausschliisslech fir de betraffene Studieprogramm.

Eng Validation des acquis de l’expérience ass keng offiziell Unerkennung vun engem Diplom. Des Weidere kann och keen universitären Diplom oder Diplom vun der Universitéit Lëtzebuerg iwwer de Wee vun der Validation des acquis de l’expérience ausgestallt ginn; fir en Diplom vun der Universitéit ze kréien, mussen op d'mannst 60 ECTS-Kreditter duerch Coursen erreecht ginn, déi vun der Universitéit Lëtzebuerg ugebueden an do absolvéiert ginn.

D' Prozedur variéiert jee nom Zil vum Kandidat:
  • Zougang zum Studium,
  • Transfert-Kreditter oder Dispensë kréien.
D'Kandidate gi gebieden, de Site vun der Universitéit Lëtzebuerg ze consultéieren, fir sech iwwer d'Demarchen an d'Bedéngungen ze informéieren, déi mat dësem Dispositif verbonne sinn.
Lescht Aktualiséierung - 23.03.2022
Deelt dësen Inhalt

 

Drécken Alles gesinn/verstoppen Un e Frënd schécken
All d'News gesinn
 
 
Jan Feb Mäe Abr
Mee Juni Jul Aug
Sep Okt Nov Dez
War dës Säit nëtzlech fir Iech? Är Meenung hëlleft eis, dëse Site ze verbesseren. Schéckt Är Commentairen un eise webmaster. Jo E bëssen Nee
Asaz vu Cookien

lifelong-learning.lu setzt Cookien an, fir Iech eng héichwäerteg User-Experienz ze garantéieren, de Benotzertrafic ze moossen, d'Funktionalitéite vun de sozialen Netzwierker ze optiméieren an Iech personaliséiert Inhalter unzebidden.

Wann Dir op dësem Site weidersurft, erkläert Dir Iech mam Asaz vu Cookien ënnert de Konditiounen, déi an den entspriechender Richtlinne festgeluecht goufen, averstanen. Méi doriwwer.

Noutwenneg Cookien
Dës Cookien erlaben et, d'Haaptfunktionalitéite vun eisem Site ze benotzen (zum Beispill den Zougang zu Ärem perséinleche Beräich). Ouni dës Cookië kënnt Dir eise Site net normal benotzen.
Statistiken
Dës Cookien erlaben eis, Statistiken iwwer d'Frequentatioun vun eisem Site opzestellen. Wann Dir se desaktivéiert, verhënnert Dir, datt mir d'Qualitéit vun eise Servicer suivéieren a verbessere kënnen.
Geziilt Publicitéit
Dës Cookien erlaben et, Iech um Internet an an de sozialen Netzwierker Informatiounen a Formatiounsofferen unzeweisen, déi Äre Besoinen am beschten entspriechen.

Eis Richtlinne fir den Asaz vu Cookië consultéieren

Akzeptéieren D'Cookië parametréieren
Veuillez patienter...