D'Portal fir liewenslaangt Léieren
LU
DE
EN
FR
PT

D'VAE fir de Brevet de technicien supérieur

D'Validation des acquis de l'expérience oder VAE erlaabt et, seng Erfarung valoriséieren ze loossen, fir iwwer dee Wee de Brevet de technicien supérieur (BTS) oder en Deel vun deem Ofschloss ze kréien.

D'VAE gëllt fir all Zilgruppen, onofhängeg vum Alter, vun der schoulescher Ausbildung oder der berufflecher Situatioun. Eng onëmgänglech Bedéngung ass, datt d'Kandidaten iwwer mindestens 3 Joer, d. h. 5.000 Stonnen, eng bezuelten, net bezuelten oder benevole Aktivitéit mat oder ouni Ënnerbriechung an am direkten Zesummenhang mat der Certificatioun, déi ugefrot gëtt, ausgeüübt hunn.

Fir erauszefannen, wéi en Diplom senger eegener Erfarung entsprécht, gëtt de Kandidat gebieden, sech d'Lëscht unzekucken a sech bei de betraffene Lycéeën ze renseignéieren. Net all d'BTSe si schonn iwwer d'VAE zougänglech.

Demarchen

D'Validatiounsdemande an d'Aschreiwungsdemande ginn un den Direkter vun deem Lycée geriicht, dee vun deem entspriechenden Diplom betraff ass. D'Validatiounsdemande gëtt begleet vun engem Dossier, an deem d'Wëssen, d'Kompetenzen an d'Fäegkeeten, déi de Kandidat sech duerch d'Erfarung ugëeegent huet, par rapport zum viséierten Diplom detailléiert musse ginn.

Op Virschlag vum Direkter vum Lycée ernennt de Minister eng ad hoc-Kommissioun fir de jeeweils betraffene Formatiounsprogramm.

Dës Kommissioun iwwerpréift d'Validatiounsdemande an den Dossier a féiert e Gespréich mam Kandidat. Si kann d'Versetzen an eng reell oder nogestallte Situatioun virgesinn. Bei hirer Deliberatioun bewäert si d'Acquisen aus der Erfarung par rapport zum viséierten Diplom.

D'ad hoc-Kommissioun kann eng oder e puer vun de folgenden Entscheedungen treffen:

  • Dispens, fir ee vun den Diplomer virzeleeën, déi am Artikel 10 (1) vum Gesetz vum 19. Juni 2009 (iwwer d'Festleeë vun de Modalitéite vum Héichschoulstudiegang, dee mat engem Brevet de technicien supérieur ofgeschloss gëtt) virgesi sinn;

  • Aschreiwung ënnert der Bedéngung, e komplementäre Programm ze absolvéieren;

  • Dispens, fir un engem Deel vun de Moduler oder engem Deel vun de Coursen, déi d'Moduler vun der Formatioun duerstellen, deelzehuelen;

  • Dispens fir sech enger Partie vun de Validatiounsmesuren ze ënnerzéien;

  • Dispens fir sämtlech Moduler, Coursen a Prüfungen, déi néideg sinn, fir den Diplom ze kréien.
Lescht Aktualiséierung - 16.08.2018

 

Drécken Alles gesinn/verstoppen
Op Facebook deelen Op Twitter deelen Op LinkedIn deelen Un e Frënd schécken
All d'News gesinn
 
 
Jan Feb Mäe Abr
Mee Juni Jul Aug
Sep Okt Nov Dez
War dës Säit nëtzlech fir Iech? Är Meenung hëlleft eis, dëse Site ze verbesseren. Schéckt Är Commentairen un eise webmaster. Jo E bëssen Nee
Asaz vu Cookien

lifelong-learning.lu setzt Cookien an, fir Iech eng héichwäerteg User-Experienz ze garantéieren, de Benotzertrafic ze moossen, d'Funktionalitéite vun de sozialen Netzwierker ze optiméieren an Iech personaliséiert Inhalter unzebidden.

Wann Dir op dësem Site weidersurft, erkläert Dir Iech mam Asaz vu Cookien ënnert de Konditiounen, déi an den entspriechender Richtlinne festgeluecht goufen, averstanen. Méi doriwwer.

Noutwenneg Cookien
Dës Cookien erlaben et, d'Haaptfunktionalitéite vun eisem Site ze benotzen (zum Beispill den Zougang zu Ärem perséinleche Beräich). Ouni dës Cookië kënnt Dir eise Site net normal benotzen.
Statistiken
Dës Cookien erlaben eis, Statistiken iwwer d'Frequentatioun vun eisem Site opzestellen. Wann Dir se desaktivéiert, verhënnert Dir, datt mir d'Qualitéit vun eise Servicer suivéieren a verbessere kënnen.
Geziilt Publicitéit
Dës Cookien erlaben et, Iech um Internet an an de sozialen Netzwierker Informatiounen a Formatiounsofferen unzeweisen, déi Äre Besoinen am beschten entspriechen.

Eis Richtlinne fir den Asaz vu Cookië consultéieren

Akzeptéieren D'Cookië parametréieren