GOEN BIS INHALT
D'Portal fir liewenslaangt Léieren
LU
DE
EN
FR
PT

Lëtzebuergesche Qualifikatiounskader (Cadre luxembourgeois des qualifications - CLQ)

Nodeem d'Recommandatioun vum Europäesche Parlament a vum Rot vum 23. Abrëll 2008 iwwer den europäesche Certificatiounskader fir liewenslaangt Léieren (cadre européen des certifications pour l’apprentissage tout au long de la vie - CEC) ugeholl gi war, hunn de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend an de Ministère fir Héichschoul a Fuerschung am Joer 2012 de Bericht iwwer d'Zouuerdnung vum lëtzebuergesche Qualifikatiounskader (cadre luxembourgeois des qualifications - CLQ) zum CEC dem Berodungsgrupp vum CEC virgestallt an dësen huet en ugeholl.

De CLQ versteet sech als en onverbindlechen Orientatiounskader fir Eenzelpersounen, fir Educatiouns- a Formatiounsorganismen a fir den Aarbechtsmaart. En erlaabt deem Eenzelen, seng Qualifikatioun am Verglach mat anere Certificatiounen am Hibléck op d'liewenslaangt Léieren ze positionéieren.

A senger aktueller Versioun spigelt den Zouuerdnungsbericht vum CLQ nëmmen de formelle Bildungs- a Formatiounssystem erëm, dee sech iwwregens an enger Verännerungsphas befënnt, well en op e System ëmgestallt gëtt, deen an „Acquis d'apprentissage“ ausgedréckt gëtt. Soubal dës Ännerung ofgeschloss ass, presentéiert Lëtzebuerg en neie Bericht, deen en ugepasste Kader fir d'liewenslaangt Léieren erëmspigelt. Deen Ament wäerten och d'Reflexiounen doriwwer an d'Weeër geleet ginn, wéi déi net formell Formatiounen agebonne kënne ginn.

Charakteristiken

Qualifikatiounen amplaz vu Certificatiounen

Eng vun de Charakteristike vum lëtzebuergesche Qualifikatiounskader betrëfft d'Terminologie. Während an den offiziellen europäeschen Texter de franséische Begrëff "certification" (Certificatioun) benotzt gouf, fir deen englesche Begrëff "qualification" (Qualifikatioun) ze iwwersetzen, huet Lëtzebuerg sech no den Diskussiounen am Virfeld vum Ausschaffe vun engem lëtzebuergesche Kader dofir decidéiert, "Qualifikatioun" ze benotzen, an dëst well dee Begrëff d'Notioun vu Certificatioun beinhalt an e Lien mat der Aarbechtswelt hierstellt.

De CLQ gëtt Opschloss iwwer d'„Acquis d’apprentissage”, mat anere Wierder iwwer dat, wat d'Titulairë vun enger Qualifikatioun censéiert sinn, ze wëssen an ze verstoen, a capabel sinn, ze maachen. E gëtt net direkt Zougang zu enger anerer Qualifikatioun a vermëttelt och kee Recht op eng Remuneratioun.

Niveaue vum lëtzebuergesche Qualifikatiounskader

NiveauDefinitioun am Kader vum formellen Educatiouns- a Formatiounssystem
1Certificat de réussite vum ënneschten Zyklus vum Enseignement secondaire général
2Certificat de capacité manuelle (CCP)
3Diplôme d’aptitude professionnelle (DAP)
Certificat de réussite vum mëtteleren Zyklus vum Enseignement secondaire général
Certificat de réussite vu 5 Joer Enseignement secondaire classique
4Diplôme de technicien
Diplôme de fin d’études secondaires générales
Diplôme de fin d’études secondaires classiques
5Brevet de maîtrise (Meeschterkaart)
Brevet de technicien supérieur
Brevet de technicien supérieur spécialisé
6Bachelor
7Master
8Doktorat

Niveaus-Descripteuren

De lëtzebuergesche Qualifikatiounskader ass, den Ament, eng systematesch Beschreiwung vun de Qualifikatioune vum Lëtzebuerger Educatiouns- a Formatiounssystem. D'Acquisitioun vun dëse Qualifikatioune gëtt duerch en Titel, Diplom oder anere Certificat, dee vun enger zoustänneger Autoritéit ausgestallt gëtt, attestéiert a standardiséiert.

De Kader ëmfaasst eng allgemeng Beschreiwung vun de Qualifikatiounsprofiller, den Acquis d'apprentissage an, fir d'Niveaue 5 bis 8, déi den Enseignement supérieur betreffen, nieft de genannten Elementer och aner formell Aspekter, besonnesch wat d'Zuel vun ECTS-Kreditter ugeet.

De Kader ass un den Europäesche Certificatiounskader fir liewenslaangt Léiere geknäppt an, fir d'Niveaue 5 bis 8, ausserdeem un den Europäesche Qualifikatiounskader fir den Europäeschen Héichschoulraum (Qualification Framework of the European Higher Education Area "QF-EHEA") gebonnen.

En definéiert iwwer bestëmmten Descripteuren, wat den Apprenant um Enn vun engem Léierprozess weess, versteet a realiséiere kann. Dräi Kategorië vun Descripteure beschreiwen d'Acquis d'apprentissage vun enger Qualifikatioun allgemeng an net op d'Fach bezunn, a klasséieren a spezifiéieren se.

Dräi Kategorië vun Descripteuren

De Kader ënnerscheet déi folgend dräi Kategorië vun Descripteuren: Wëssen, Fäegkeeten a Verhalen.

Wëssen

Resultat vun der Assimilatioun vu Wëssen duerch d'Educatioun an d'Formatioun.

Wëssen ass en Ensembel vun Tatsaachen, Grondsätz, Theorien a Praktiken, déi zu engem Studien- oder Aarbechtsberäich gehéieren, woubäi Assimilatioun definéiert gëtt als de Prozess, duerch deen en Apprenant sech Wëssen oder Know-how uneegent.

Fäegkeet

Capacitéit, Wëssen unzewende fir Aufgaben ze erfëllen a Problemer ze léisen.

Wéi am europäesche Kader kënnen dës Fäegkeete kognitiv (Benotze vu logeschem, intuitivem a kreativem Denken) oder praktesch (baséiert op d'Geschécklechkeet an d'Benotze vu Methoden, Materialien, Geschir oder Instrumenter) sinn.

Verhalen

Perséinlech a sozial Fäegkeeten an Aarbechts- oder Léiersituatiounen a fir déi berufflech oder perséinlech Entwécklung.

Déi perséinlech Kompetenzen zeechne sech duerch eng autonom a responsabel Astellung aus, déi e kritescht Nodenken iwwer déi eegen Handlunge genee wéi déi vun deenen aneren erlaabt; si erméiglechen och d'perséinlech Weiderentwécklung, sief et iwwer Studien oder duerch d'Praxis. Déi sozial Kompetenzen zeechne sech duerch eng autonom a responsabel Astellung aus, déi d'Aarbecht mat aneren erméiglecht an d'Berücksichtegung vun hiren Interessien zouléisst. Fir d'Niveaue 5 bis 8 ginn dës Descripteure mat Kommunikatiounsfäegkeeten an der Capacitéit, sech en Uerteel ze bilden, méi genee beschriwwen.

Lescht Aktualiséierung - 17.08.2022
Deelt dësen Inhalt

 

Drécken Alles gesinn/verstoppen Un e Frënd schécken
All d'News gesinn
 
 
Jan Feb Mäe Abr
Mee Juni Jul Aug
Sep Okt Nov Dez
War dës Säit nëtzlech fir Iech? Är Meenung hëlleft eis, dëse Site ze verbesseren. Schéckt Är Commentairen un eise webmaster. Jo E bëssen Nee
Asaz vu Cookien

lifelong-learning.lu setzt Cookien an, fir Iech eng héichwäerteg User-Experienz ze garantéieren, de Benotzertrafic ze moossen, d'Funktionalitéite vun de sozialen Netzwierker ze optiméieren an Iech personaliséiert Inhalter unzebidden.

Wann Dir op dësem Site weidersurft, erkläert Dir Iech mam Asaz vu Cookien ënnert de Konditiounen, déi an den entspriechender Richtlinne festgeluecht goufen, averstanen. Méi doriwwer.

Noutwenneg Cookien
Dës Cookien erlaben et, d'Haaptfunktionalitéite vun eisem Site ze benotzen (zum Beispill den Zougang zu Ärem perséinleche Beräich). Ouni dës Cookië kënnt Dir eise Site net normal benotzen.
Statistiken
Dës Cookien erlaben eis, Statistiken iwwer d'Frequentatioun vun eisem Site opzestellen. Wann Dir se desaktivéiert, verhënnert Dir, datt mir d'Qualitéit vun eise Servicer suivéieren a verbessere kënnen.
Geziilt Publicitéit
Dës Cookien erlaben et, Iech um Internet an an de sozialen Netzwierker Informatiounen a Formatiounsofferen unzeweisen, déi Äre Besoinen am beschten entspriechen.

Eis Richtlinne fir den Asaz vu Cookië consultéieren

Akzeptéieren D'Cookië parametréieren
Veuillez patienter...