Formatiounspraktike vun den Entreprisen
Di'Publikatioun vum Formatiouns-Observatoire iwwer d'Formatiounsaktivitéit vun den Entreprisen, déi eng staatlech Bäihëllef fir d'berufflech Weiderbildung kréien, kënnt dat éischt Joer an engem neie Format eraus. Den Inhalt ass dee selwechte wéi scho bei den dräi Publikatiounen, déi den Observatoire virdrun erausginn huet, d. h. de Formatiounseffort vun de Betriber, d'Analys vum Zougang zu der Formatioun fir Salariéen an de finanzielle Bäitrag vum Staat fir d'Formatioun an de Betriber.
D'Donnéeën iwwer d'Formatioun an de Betriber zu Lëtzebuerg stame vun de lëtzebuergeschen Entreprisen aus dem Privatsecteur, déi vum Kofinanzement am Beräich vun der berufflecher Weiderbildung profitéieren. Unhand vun den Demanden, déi d'Entreprisen ausfëllen, kënnen hir Formatiounspraktiken analyséiert ginn.
Am Joer 2019 kruten am Ganzen 2.324 Entreprisen aus dem lëtzebuergesche Privatsecteur eng Bäihëllef vum Staat, fir hire Formatiounsplang ze finanzéieren. Dës Entreprisen hunn 1,7% vun hirer Lounmass fir d'Formatioun opbruecht. Am Duerchschnëtt hunn d'Salariéë 4,7 Formatioune mat enger Dauer vun 3,9 Stonne besicht. Eng Formatioun huet an der Moyenne 220 Euro pro Participant a 56 Euro pro Stonn kascht. D'Bäihëllef fir d'berufflech Weiderbildung huet de Staat insgesamt 37 Mio. Euro kascht.
Entreprisen, déi vum ëffentleche Kofinanzement fir d'Formatioun profitéieren
2019 kruten 2.324 Entreprisen déi staatlech Bäihëllef dir d'Weiderbildung. Dës Entreprisen hunn eenzel oder als Grupp am Ganzen 1.723 Kofinanzéierungsdemanden agereecht. Op nationalem Niveau hunn 32,1% vun de Privatbetriber mat 10 oder méi Salariéen d'Bäihëllef an Usproch geholl, a 56,0% vun alle Salariéen aus dem Privatsecteur ware vertrueden.
Formatiounseffort vun de Betriber
Déi Entreprisen, déi d'staatlech Bäihëllef kruten, hunn 1,7% vun hirer Lounmass fir d'Formatioun opbruecht. D'Formatiounen hunn an der Moyenne 220 Euro pro Participant a 56 Euro pro Stonn kascht. Di'Prestatioune vun de Formatiounsinstituter hu 26,9% vum Investitiounsopwand vun den Entreprisen an d'Formatioun ausgemaach. D'Beräicher "Technik/Handwierker" an "Management/Personalverwaltung" hunn zesumme 56% vum Investitiounsopwand vun den Entreprisen an 52% vun den absolvéierte Formatiounsstonnen ausgemaach. Hanner "Technik/Handwierker" waren d'Formatiounen an de Beräicher "Finanzen, Comptabilitéit an Droit" an "Qualitéit, ISO a Sécherheet" am meeschte besicht. Dës dräi Beräicher hunn zesumme 76% vun de Participatiounen u Formatiounen ausgemaach.
Zougang zu der Formatioun fir Salariéen
D'Salariéë vun den Entreprisen, déi vun der staatlecher Bäihëllef profitéiert hunn, hunn an der Moyenne 4,7 Formatioune mat enger Dauer vun 3,9 Stonne besicht. Männer hunn duerchschnëttlech liicht méi Formatioune gemaach ewéi Fraen (4,8 géintiwwer 4,6), dat besonnesch an den Entreprise mat 250 bis 999 Salariéen (5,6 géintiwwer 4,6). Salariéen a Féierungspositiounen hunn an der Moyenne méi Formatiounen (7,3) besicht ewéi Dirigeanten (6,6) a qualifizéiert Salariéen (4,9). Net qualifizéiert Salariéen hunn am Duerchschnëtt un 2,9 Formatioune manner deelgeholl ewéi all d'Salariéen zesummen. Weibleche Salariéen a Féierungspositiounen an Dirigeantë ware méi staark vertrueden (⌀ 8,1 bzw. 9,4 Formatiounen) ewéi net qualifizéiert Fraen (⌀ 1,4 Formatiounen). Salariéen iwwer 45 Joer konnte 4,4 Formatioune maachen.
Finanzielle Bäitrag vum Staat
Am Joer 2019 huet d'Bäihëllef fir d'berufflech Weiderbildung de Staat insgesamt 37 Mio. Euro kascht. Am Verglach zu 2018 war dat eng Hausse ëm 4,5%. Den accordéierte Kofinanzement louch bei duerchschnëttlech 21.496 Euro pro Demande, bei 9,2 Euro pro Formatiounsstonn a bei 171 Euro pro Salarié.