L4S - Personaliséiert Léier-Workshoppen
D'personaliséiert Léier-Workshoppen "L4S Learn for Success" riichte sech un Erwuessener, déi hir allgemeng Kenntnesser a Kompetenze verbessere wëlle fir:
- eng Prüfung oder en Admissiouns- oder Promotiounsconcours virzebereeden;
- eng Aarbechtsplaz oder Zougang zu enger Formatioun ze kréien;
- sech berufflech oder perséinlech weiderzëentwéckelen.
Organisatioun
L4S bitt fir all perséinleche Projet eng adaptéiert Formatioun un, bei där d'Inhalter, d'Dauer, de Rhythmus an d'Begleedung individuell ugepasst ginn. De Programm an den individuellen Horaire ginn am Virgespréich festgeluecht.
D'Léierinhalter betreffe folgend Beräicher:
- Sproochen (Däitsch, Franséisch, Englesch);
- Mathematik.
L4S stellt d'Bicher, d'Übungsblieder an d'Online-Léierprogrammer zur Verfügung.
Um Enn vum Parcours kritt den Apprenant e Participatiounscertificat an en individuelle Bilan vun de Kenntnesser a Kompetenzen, déi e sech nei ugëeegent huet.
Et kann ee sech
d'ganzt Joer iwwer op Rendez-vous aschreiwen:
l4s@men.lu.
D'
Aschreiwungskäschte leie bei 3 Euro d'Stonn. Persounen an Noutsituatioune kënnen e reduzéierten Tarif vun 10 Euro fir hire ganze Parcours accordéiert kréien.
D'L4S-Formatioune kommen am Kader vum allgemengen Zougang zu der Formatioun (Kofinanzement vum Formatiounsplang vun den Entreprisen) a vum individuellen Zougang zu der Formatioun (individuelle Formatiounscongé) a Fro.