Formatioun Diplom+
Diplom+ ass eng flexibel, kuerz Formatioun fir Jonker mat engem Diplôme de fin d’études secondaires classiques oder générales, engem Diplôme de technicien oder equivalenten Diplom, déi sech nach net an en Héichschoulstudium ageschriwwen hunn an och keng Aarbechtsplaz hunn.
Jonk Diploméierter, déi den Enseignement secondaire oder hir Technikerausbildung ofgeschloss hunn, stinn dacks virun enger wichteger Entscheedung: Si mussen decidéieren, ob si op d'Uni goen oder hir éischt Aarbechtsplaz siche wëllen.
Mat der Formatioun Diplom+ kënne si sech zousätzlech Kompetenzen (an de Beräicher Informatik, Gestion de projets, Kommunikatiounstechniken, Zäitmanagement, Teamgeescht an Initiativ) uneegnen an esou hir Chancë verbesseren, eng Aarbechtsplaz ze fannen oder hiert Héichschoulstudium ze packen..
D'Formatioun leeft iwwer zwee Semester. Pro Woch si maximal 25 Stonnen, verdeelt op 5 Mol 5 Stonnen den Dag, virgesinn.
D'Formatioun gëtt normalerweis op Lëtzebuergesch an op Franséisch ofgehalen.
- Dat éischt Semester ëmfaasst gemeinsam Modüllen an 2 bis 6 optional Modüllen:
- Am zweete Semester sollen d'Kompetenzen, déi de Kandidat sech ugëeegent huet, am Kader vun engem Innovatiounsprojet verdéift ginn: Hei geet et drëm, an der Ekipp e Produit oder e Service vun der Konzeptioun bis zu der Realisatioun ze entwéckelen. Dësen Innovatiounsprojet gëtt vu professionelle Mentoren encadréiert.
D'Formatioun ka jidderzäit ënnerbrach ginn, wann den Apprenant eng Aarbechtsplaz fonnt huet, en Héichschoulstudium ufänkt oder sech fir en anere Wee decidéiert.
All Modüll, deen de Kandidat virun der Ënnerbriechung gepackt huet, gëtt certifiéiert (Réussite-Certificat beim Deelhuelen u mindestens 80% vun der Dauer vum Modüll a Bestoe vun der mëndlecher oder schrëftlecher Evaluatioun) a kann deemno spéider valoriséiert ginn.