D'Portal fir liewenslaangt Léieren
LU
DE
EN
FR
PT

En agreéiert Formatiounsinstitut ginn

Et gi verschidden Typpe vu Formatiounsinstituter, déi berechtegt sinn, zu Lëtzebuerg Formatiounen unzebidden. En fonction vun hirem Statut schreift d'Gesetz hinne speziell Konditioune fir d'Ausübe vun enger Formatiounsaktivitéit vir.

Privat Formatiounsinstituter

Privat Formatiounsinstituter ënnerleien de Regele vum Droit d'établissement a mussen eng ministeriell Autorisatioun hunn, fir Weiderbildungsaktivitéiten ausüben ze kënnen.

D'Autorisatioun, fir "d'Aktivitéit vum Gestionnaire vun engem Weiderbildungsinstitut" ausüben ze kënnen, ass strikt perséinlech. Si gëtt vum Wirtschaftsministère op Avis vum MENJE nominativ ausgestallt, an dat esouwuel fir Kapitalgesellschaften wéi och fir Persounegesellschaften.

All Institut muss d'Bedéngungen am Zesummenhang mat der Honorabilitéit an de beruffleche Qualifikatiounen erfëllen, déi fir d'Ausübe vun dëser Aktivitéit erfuerdert sinn.

Prozedur

Fir eng Autorisation d'établissement als Gestionnaire vun engem Weiderbildungsinstitut unzefroen, mussen d'Formulairë vun der Demande ausgefëllt an u folgend Adress geschéckt ginn:

Direction générale PME et Entrepreneuriat
Ministère de l’Économie
19-21, boulevard Royal
L-2914 Luxembourg
info.pme@eco.etat.lu

Formulaire de demande d'autorisation d'établissement

Formulaire de déclaration sur l'honneur

Bei d'Demande fir d'Autorisation d'établissement si folgend Dokumenter derbäizeleeën:

  • Steiertimber vu 24 € oder d'Kopie vum Virement,
  • eng Kopie vun de Statuten,
  • den Numm vum Dirigeant vun der Entreprise, deen ënnerschrëftsberechtegt ass (zesumme mat sengen Diplomer, de Beleger fir seng Beruffserfarung, dem Extrait aus sengem Casier an dem notarielle Certificat de non faillite, wann hien an de leschte fënnef Joer net zu Lëtzebuerg gewunnt huet).

Berodung an Hëllef

House of Entrepreneurship - One-Stop Shop
14, rue Erasme
L-1468 Luxembourg-Kirchberg
Tel. +352 42 39 39 - 330
info@houseofentrepreneurship.lu
www.houseofentrepreneurship.lu

Ëffnungszäiten: méindes bis freides vun 8h30 bis 17h30 Auer

Autorisation d'établissement - Modell

Kapitalgesellschaften (juristesch Persounen) - Modell
Persounegesellschaft (physesch Persounen) - Modell

Asbl, Fondatiounen

Privat Associatiounen (asbl), Fondatiounen a Privatpersoune ginn,  op Demande, individuell vum Minister, dee fir d'Beruffsausbildung zoustänneg ass, agreéiert.

Wann d'Demande ugeholl gëtt,  gëtt dësen Typ vun Instituter an engem Arrêté ministériel als agreéierten Organisateur vu Weiderbildungscoursen deklaréiert. 

Prozedur

Dës Formatiounsinstituter mussen:

  • sech schrëftlech un den Educatiounsminister wenden, fir e speziellen Agrement fir d'Formatiounsaktivitéit unzefroen,
  • hir Statuten un dëse Courrier hänken.

Ministère de l'Education nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse

Service de la formation professionnelle

29, rue Aldringen
L-1118 Luxembourg

Asbl - arrêté ministériel type

Auslännesch Formatiounsinstituter

Auslännesch Formatiounsinstituter mussen iwwer eng Autorisatioun verfügen, datt si am Land, aus deem si stamen, eng Formatiounsaktivitéit ausüben dierfen. 

Si sinn deemno net verflicht, en Agrement no der lëtzebuergescher Prozedur, mä no därjéineger vun hirem jeeweilege Land unzefroen. 

Dës Prozedur gëtt awer obligatoresch, wa si decidéieren, sech zu Lëtzebuerg nidderzeloossen.

Lescht Aktualiséierung - 08.10.2019

 

Drécken Alles gesinn/verstoppen
Op Facebook deelen Op Twitter deelen Op LinkedIn deelen Un e Frënd schécken
All d'News gesinn
 
 
Jan Feb Mäe Abr
Mee Juni Jul Aug
Sep Okt Nov Dez
War dës Säit nëtzlech fir Iech? Är Meenung hëlleft eis, dëse Site ze verbesseren. Schéckt Är Commentairen un eise webmaster. Jo E bëssen Nee
Asaz vu Cookien

lifelong-learning.lu setzt Cookien an, fir Iech eng héichwäerteg User-Experienz ze garantéieren, de Benotzertrafic ze moossen, d'Funktionalitéite vun de sozialen Netzwierker ze optiméieren an Iech personaliséiert Inhalter unzebidden.

Wann Dir op dësem Site weidersurft, erkläert Dir Iech mam Asaz vu Cookien ënnert de Konditiounen, déi an den entspriechender Richtlinne festgeluecht goufen, averstanen. Méi doriwwer.

Noutwenneg Cookien
Dës Cookien erlaben et, d'Haaptfunktionalitéite vun eisem Site ze benotzen (zum Beispill den Zougang zu Ärem perséinleche Beräich). Ouni dës Cookië kënnt Dir eise Site net normal benotzen.
Statistiken
Dës Cookien erlaben eis, Statistiken iwwer d'Frequentatioun vun eisem Site opzestellen. Wann Dir se desaktivéiert, verhënnert Dir, datt mir d'Qualitéit vun eise Servicer suivéieren a verbessere kënnen.
Geziilt Publicitéit
Dës Cookien erlaben et, Iech um Internet an an de sozialen Netzwierker Informatiounen a Formatiounsofferen unzeweisen, déi Äre Besoinen am beschten entspriechen.

Eis Richtlinne fir den Asaz vu Cookië consultéieren

Akzeptéieren D'Cookië parametréieren