Diplôme de fin d'études secondaires générales - DFESG
Erwuessener, déi hir Studien am Enseignement secondaire général ofschléissen oder hir Studien nees ophuele wëllen, kënnen den Diplôme de fin d'études secondaires générales vun der Division administrative et commerciale, Sektioun Gestion kréien. Et gëtt drop higewisen, datt an der Divisioun vun de Beruffer am Gesondheets- a Sozialberäich och den Diplôme d'éducateur am beruffsbegleedende Studium accessibel ass.
Erwuessener , déi hire Formatiounsparcours ergänze wëllen, kënnen d'4es- an d'3es-Klasse vun der Divisioun vun de Beruffer am Gesondheets- a Sozialberäich besichen an hir Studien eventuell am reguläre Schoulbetrib fortsetzen, bis si den Diplôme vum Enseignement secondaire général kréien.
|
Diplôme de fin d'études secondaires générales - DFESG |
|
|
|
Éischtausbildung |
2. Bildungswee |
Iewescht Klassen |
1+ G* - 1re G - 2e G
|
Division administrative et commerciale Section gestion (CG) Section communication et organisation (CC)
Division des professions de santé et des professions sociales Section de la formation de l'éducateur (ED) Section de la formation de l'infirmier/infirmière (SI) Section sciences de la santé (SH) Section sciences sociales (SO)
Division technique générale Section sciences environnementales (SE) Section ingénierie (IG) Section informatique (IN) Section architecture, design et développement durable (A3D) Section sciences naturelles (SN)
Division artistique Section arts et communication visuelle (ACV)
| Division administrative et commerciale Section Gestion
- 2e GCG - 1e GCG Owescoursen am ECG
|
Division hôtelière et touristique Section gestion de l'hospitalité (GH) |
|
3e G - 4e G
|
Division administrative et commerciale Section administrative et commerciale (CM)
|
Division administrative et commerciale
-
4e GCM - 3e GCM Owescoursen am ECG
|
Division technique générale Section ingénierie (IG) Section architecture, design et développement durable (A3D) Section sciences naturelles (SN)
| Division technique générale Section ingénierie
- 4e GIGF (Régime francophone) Dagescoursen am LTMA
|
Division des professions de santé et des professions sociales Section des professions de santé et des professions sociales (PS) Section sciences sociales (SO)
Division artistique Section arts et communication visuelle (ACV)
|
Division des professions de santé et des professions sociales Section des professions de santé et des professions sociales
-
4e GPS - 3e GPS Owescoursen am LTC, Dagescoursen an der ENAD
|
|
* Klass vun der 1+ nëmme fir d'Divisioun vun de Beruffer am Gesondheets- a Sozialberäich, Sektioun vun den Educateuren |
Fir Kandidaten, déi keng 5e ofgeschloss hunn, ginn d'Coursë vun der 5e vum Enseignement secondaire général an Owes- an an Dagescoursen an a verschiddene Sproocheregimmen ugebueden, fir Zougang zu enger 4e ze kréien
Den Dispositif vun der Validation des acquis de l'expérience VAE erméiglecht et och, ganz oder deelweis en Diplôme de fin d'études secondaires générales ze kréien.
DFESG de la division administrative et commerciale, section gestion an Owescoursen
Kandidaten, déi drun interesséiert sinn, den Diplôme de fin d'études secondaires générales vun der Division administrative et commerciale, Section gestion, ze kréien, mussen:
- op d'mannst 18 Joer al sinn,
- déi néideg Bedéngunge fir déi jeeweileg Klass erfëllen.
Organisatioun vun de Klassen
| Schoul |
---|
Klasse vun der 4e GCM bis d'3e GCM an der 2e GCG bis d'1re GCG - an OwescoursenD'Coursë suivéieren d'Programmer vum regulären Unterrecht an de Klasse vun der Division administrative et commerciale, Section gestion (2e a 1re). An der Ofschlossklass maachen d'Kandidaten den Ofschlossexame vum Enseignement secondaire général.
Klasse vun der 3e G an der 2e G fir jonk Erwuessener - an Dagescoursen D'Zil vum Projet "Klasse fir jonk Erwuessener" - (Classes pour jeunes adultes - CJA) besteet doran, de Schüler, déi hir Schoul net gepackt hunn oder sech ëmorientéiere wëllen, eng lescht Chance ze ginn, fir den Diplôme de fin d’études secondaires générales an engem raisonnablen Zäitkader ze kréien an de sozialen Ausschloss ze verhënneren. D'Opnam an d'Klasse fir jonk Erwuessener gëtt opgrond vun engem Dossier entscheet. D'Klasse fir jonk Erwuessener gi fir d'3e G an d'2e G vun der Division administrative et commerciale organiséiert. Den Unterrecht ass a Punkto Schoulzäiten, Methoden an Inhalter un d'Zilgrupp ugepasst. Déi jonk Erwuesse ginn opgrond vun engem Dossier ënner gewësse Bedéngungen zougelooss a mussen eng Konventioun ënnerschreiwen, déi d'Engagementer vun der Schoul a vun de Schüler regelt.
| ECG - École de commerce et de gestion |
DFESG an der Divisioun vun de Beruffer am Gesondheets- a Sozialberäich, Éducateur en alternance
D'Formatioun vum Educateur en alternance gëtt am beruffsbegleedende Studium vun der École nationale pour adultes (ENAD) organiséiert.
De Bildungswee, deen am Kader vun der Erwuessenebildung ugebuede gëtt, erméiglecht et Erwuessenen, iwwer den zweete Bildungswee en unerkannten Diplom ze kréien. D'Zil ass et, eng Formatioun unzebidden, déi d'Kandidaten nieft hirer Aarbecht suivéiere kënnen an déi op d'Lëtzebuerger Beruffswelt zougeschnidden ass. D'Formatioun adresséiert sech un Erwuessener, déi schonn am Erzéiungs- oder soziale Beräich täteg sinn, ouni iwwer eng unerkannte berufflech Qualifikatioun fir de Beruff vum Educateur ze verfügen.
D'Formatioun fir den Educateur en alternance ëmfaasst allgemeng an technesch Aspekter aus den Erzéiungs- a Sozialwëssenschaften, woubäi d'Methodologie op d'Erwuessenepädagogik an op d'spezifesch Besoine vun der Zilgrupp ausgeriicht ass.
D'Formatioun vum Educateur en alternance setzt sech engersäits aus de Studien, déi zum Diplôme de fin d'études secondaires générales féieren an eng normal Studiendauer vun zwee Joer ëmfaassen, an anerersäits aus de Studien, déi zum Diplôme vum Educateur féieren, an eng normal Studiendauer vun engem Joer ëmfaassen, zesummen.
Formatioun vum Educateur en alternance
| Schoul |
---|
Zougangsbedéngungen- op d'mannst 21 Joer al sinn,
- en Aarbechtsvertrag am Erzéiungs- a Sozialberäich hunn, deen op d'mannst iwwer 16 Stonnen an der Woch an zanter mindestens 12 Méint leeft, oder en Aarbechtsvertrag als Educateur an der Ausbildung CCT-SAS (Convention Collective de Travail pour les Salariés du Secteur d'Aide et de Soins et du Secteur Social), deen op d'mannst iwwer 16 Stonnen an der Woch leeft, an d'Éischtausbildung zanter op d'mannst 12 Méint verlooss hunn,
- eng vun de folgende Formatioune gepackt hunn:
- eng 3e aus dem Enseignement secondaire classique
- eng 3e aus dem Enseignement secondaire général
- d'Formatioun vum Auxiliaire de vie (DAP).
Kandidaten, déi zu dëser Formatioun zougelooss wëlle ginn, ouni eng vun den uewe genannte Klasse gepackt ze hunn, mussen eng Opnamprüfung maachen. Organisatioun vun der Formatioun D'Formatioun setzt sech zesummen aus:
- 16 Stonnen theoretesche Coursë während de Schoulzäiten, déi zwee Deeg hannerteneen an der Woch, donneschdes a freides, ofgehale ginn,
- Selbststudium
- Beruffspraxis, begleet vu pädagogescher Selbstreflexioun
D'Formatioun ëmfaasst:
- Basismoduler: Pädagogik; Psychologie; Sproochen: Franséisch, Däitsch, Englesch; Berufflech Praxis a Methodologie.
- Opbaumoduler: Soziologie; Philosophie, Biologie; Mathematik; Medien a Kommunikatioun; Konscht a Kultur; Pädagogik vu Bewegung- a Sportsaktivitéiten; encadréiert perséinlech Aarbecht.
Lafend Evaluatioun an Ofschlossprüfung fir all Modul.
| ENAD - École nationale pour adultes |
Klasse vun der Divisioun vun de Beruffer am Gesondheets- a Sozialberäich an Owescoursen
D'Kandidaten, déi d'Klasse vun der 4e G an der 3e G an der Divisioun vun de Beruffer am Gesondheets- a Sozialberäich besiche wëllen, mussen:
Organisatioun vun de Klassen
| Schoul |
---|
Klasse vun der 4e GPS bis d'3e GPS - an Owescoursen Dës Klasse ginn Accès op den ieweschten Zyklus vun der Formatioun fir d'Beruffer aus dem Gesondheets- a Sozialberäich. D'Coursë ginn am Lycée technique du centre (LTC) ofgehalen.
| LTC - Lycée technique du centre |
ZUR INFORMATIOUN
Am Secteur vun de Beruffer am Gesondheets- a Sozialberäich sinn och 2 DAPen accessibel: