D'Portal fir liewenslaangt Léieren
LU
DE
EN
FR
PT
Dir sidd hei:Accueil

Bedéngungen am Zesummenhang mat der Honorabilitéit an de beruffleche Qualifikatiounen

Déi privat Formatiounsinstituter, déi dem Droit d'établissement ënnerleien, musse bestëmmte Bedéngungen am Zesummenhang mat der Honorabilitéit an der berufflecher Qualifikatioun erfëllen, fir Weiderbildungsaktivitéiten ausüben ze kënnen.

Berufflech Honorabilitéit

Duerch d'Konditioun vun der berufflecher Honorabilitéit solle folgend Punkten ofgeséchert ginn:

  • d’Integritéit vum Beruff an
  • de Schutz vun zukünftege Vertragspartner a Clienten.

D'berufflech Honorabilitéit bezitt sech op den Dirigeant a gëtt opgrond vu senger Virgeschicht a vun allen Elementer aus der administrativer Instruktioun vu Faiten, déi net méi ewéi zéng Joer zeréckleien, bewäert.

Verhalensweisen, déi en Afloss op d'Honorabilitéit vum Dirigeant hunn, sinn:

  • d'Aschalte vun enger Tëschepersoun oder d'Optrieden als Tëschepersoun beim Leede vun engem Betrib,
  • d'Benotzen, am Kader vun der Demande d'autorisation, vun Dokumenter oder Erklärungen, déi net der Wourecht entspriechen oder déi gefälscht sinn,
  • d'widderhuelt Netverëffentleche vun de Publikatiounen, déi vun de gesetzleche Bestëmmungen iwwer den Handels- a Gesellschafteregëster virgeschriwwe sinn, oder d'Netféiere vun enger Comptabilitéit, déi de gesetzlechen Ufuerderungen entsprécht,
  • d'Unheefe vu grousse Scholde bei ëffentleche Creancieren am Kader vun enger gesprachener Faillite oder Liquidation judiciaire,
  • all endgülteg, schwéier oder widderhuelte Veruerteelung am Zesummenhang mat der ausgeüübter Tätegkeet.

Berufflech Qualifikatioun

Bei de Gestionnairë vun engem Weiderbildungsinstitut ergëtt sech hir berufflech Qualifikatioun entweder aus:

  • dem Besëtz vun engem Universitéits- oder Héichschouldiplom oder engem Certificat iwwer den Ofschloss vun Universitéits- oder Héichschoulstudien, dee vun enger staatlech unerkannter Héichschoul ausgestallt ass a bestätegt, datt de Kandidat e kompletten Zyklus vun 3 Studiejoer gepackt huet,

  • der Validatioun vu senger Beruffserfarung, déi dem Kandidat attestéiert, datt hien effektiv an engem EU-Memberstaat d'Aktivitéit vun engem Gestionnaire vun engem beruffleche Weiderbildungsinstitut ausgeüübt huet:
  1. sief et während 3 Joer hannerteneen als Independant oder als Dirigeant vun enger Entreprise,
  2. sief et während 2 Joer hannerteneen als Independant oder als Dirigeant vun enger Entreprise, wann de Kandidat noweise kann, datt hie fir deen entspriechende Beruff am Beräich Gestion d'entreprise eng Formatioun krut, déi mat engem Diplom ofschléisst, dee vum Minister unerkannt ass, 
  3. sief et während 2 Joer hannerteneen als Independant oder als Dirigeant vun enger Entreprise, wann de Kandidat noweise kann, datt hien den entspriechende Beruff während op d'mannst 3 Joer   an engem Beschäftegungsverhältnis ausgeüübt huet, 
  4. sief et während 3 Joer hannerteneen an engem Beschäftegungsverhältnis, wann de Kandidat noweise kann, datt hie fir deen entspriechende Beruff eng Formatioun krut, déi mat engem Diplom ofschléisst, dee vum Minister unerkannt ass.

D'Aktivitéit als Independant oder als Dirigeant d'entreprise däerf zum Zäitpunkt, wou d'Demande fir d'Autorisation d'établissement agereecht gëtt, net méi laang ewéi 5 Joer zeréckleien. 

Als Persoun, déi d'Aktivitéit vun engem Dirigeant d'entreprise ausüübt, gëtt all Persoun ugesinn, déi an engem Institut fir berufflech Weiderbildung folgend Funktiounen ausgeüübt huet:

  • entweder d'Funktioun vum Chef d'entreprise oder vum Chef de succursale,
  • oder d'Funktioun vum Adjoint vum Entrepreneur oder vum Chef d'entreprise, wann dës Funktioun déi selwecht Verantwortlechkeet wéi déi vum Entrepreneur oder vum Chef d'entreprise ëmfaasst,
  • oder eng leedend Funktioun am Gestiounsberäich, mat deene fir de Beruff charakteristeschen Aufgaben an un der Spëtzt vun op d'mannst engem Secteur vum Betrib.

De Beweis, datt d'Bedéngung vun der Beruffserfarung erfëllt ass, kann erbruecht ginn:

  • entweder duerch eng Attestatioun, déi vun der zoustänneger Autoritéit oder dem zoustännegen Institut aus dem Hierkonftsland ausgestallt gëtt,
  • oder duerch d'Affiliatioun bei der Caisse nationale d'assurance pension (CNAP) während op d'mannst 3 Joer hannerteneen, 
  • oder duerch eng Autorisation d'établissement an engem Haaptberuff, deen effektiv während op d'mannst 3 Joer hannerteneen ausgeüübt gouf, 
  • oder duerch e Certificat vum Patron, wéi vum Centre Commun de la Sécurité Sociale beschriwwen.
Méi Informatiounen op guichet.lu
Lescht Aktualiséierung - 16.08.2019

 

Drécken Alles gesinn/verstoppen
Op Facebook deelen Op Twitter deelen Op LinkedIn deelen Un e Frënd schécken
All d'News gesinn
 
 
Jan Feb Mäe Abr
Mee Juni Jul Aug
Sep Okt Nov Dez
War dës Säit nëtzlech fir Iech? Är Meenung hëlleft eis, dëse Site ze verbesseren. Schéckt Är Commentairen un eise webmaster. Jo E bëssen Nee
Asaz vu Cookien

lifelong-learning.lu setzt Cookien an, fir Iech eng héichwäerteg User-Experienz ze garantéieren, de Benotzertrafic ze moossen, d'Funktionalitéite vun de sozialen Netzwierker ze optiméieren an Iech personaliséiert Inhalter unzebidden.

Wann Dir op dësem Site weidersurft, erkläert Dir Iech mam Asaz vu Cookien ënnert de Konditiounen, déi an den entspriechender Richtlinne festgeluecht goufen, averstanen. Méi doriwwer.

Noutwenneg Cookien
Dës Cookien erlaben et, d'Haaptfunktionalitéite vun eisem Site ze benotzen (zum Beispill den Zougang zu Ärem perséinleche Beräich). Ouni dës Cookië kënnt Dir eise Site net normal benotzen.
Statistiken
Dës Cookien erlaben eis, Statistiken iwwer d'Frequentatioun vun eisem Site opzestellen. Wann Dir se desaktivéiert, verhënnert Dir, datt mir d'Qualitéit vun eise Servicer suivéieren a verbessere kënnen.
Geziilt Publicitéit
Dës Cookien erlaben et, Iech um Internet an an de sozialen Netzwierker Informatiounen a Formatiounsofferen unzeweisen, déi Äre Besoinen am beschten entspriechen.

Eis Richtlinne fir den Asaz vu Cookië consultéieren

Akzeptéieren D'Cookië parametréieren