D'Portal fir liewenslaangt Léieren
LU
DE
EN
FR
PT

abcd.lu - Grondbildung

Besser schreiwen, liesen oder rechne léieren

D'Grondbildung riicht sech un Erwuessener, déi a mindestens enger vun de Schrëftsprooche vum Land (Franséisch oder Däitsch) besser schreiwen a liese léiere wëllen, oder u Persounen, déi hir Rechekompetenze verbessere wëllen.

D'Grondkompetenze sinn en zolidd Fundament fir méi selbststännegt a verdéift Léieren zu engem spéidere Moment.

D'Formatioun ass personaliséiert a gëtt un den initiale Wëssens- a Kompetenzniveau vun all Participant ugepasst. Si baut op der perséinlecher Erfarung vum Apprenant op.

Formatiounsberäicher

An de Coursë vun der Grondbildung gi 5 Beräicher behandelt:

LiesenLIESEN
  • all d'Buschtawe vum Alphabet erkennen;
  • onbekannt Wierder entzifferen;
  • Nimm vu Persounen a Plazen erkennen;
  • Schëlter liesen a verstoen;
  • kuerz Texter mat bekannten a geleefege Wierder liesen a verstoen;
  • eng Informatioun an engem einfachen Text fannen;
  • eng einfach Gebrauchsanweisung liesen a verstoen;
  • en Dictionnaire benotzen.

SchreiwenSCHREIWEN

  • all d'Buschtawen an d'Ziffere schreiwen;
  • Buschtawen, Wierder an einfach Ausdréck ofschreiwen;
  • eng einfach Notiz oder Noriicht schreiwen;
  • eng Lëscht schreiwen;
  • e Formulaire ausfëllen;
  • de Spellchecker um Computer benotzen.

SchwätzenSCHWÄTZEN

  • Héiflechkeets- oder Begréissungsformele benotzen;
  • en einfacht Gespréich ufänken;
  • einfach Noriichten, Erklärungen an Instruktioune formuléieren;
  • seng Besoinen an alldeegleche Situatiounen ausdrécken;
  • Interessi a Verständnis während engem Gespréich weisen;
  • iwwer sech selwer, seng Aarbecht, säin Alldag a seng Interessie schwätzen;
  • Wierder richteg ausschwätzen.

VerstoenVERSTOEN

  • Héiflechkeets- oder Begréissungsformele benotzen;
  • bei engem Gespréich iwwer perséinlech a bekannte Sujeten nolauschteren a reagéieren;
  • op einfach Noriichten an Instruktioune reagéieren;
  • den Inhalt vun enger Beschreiwung oder enger einfacher Geschicht verstoen;
  • an enger einfacher Sprooch ausgedréckte Gefiller, Meenungen a Besoinen erkennen;
  • Verständnis oder Onverständnis matdeelen.

RechnenRECHNEN

  • zielen an Zuele vergläichen;
  • einfach Plus- a Minusrechnunge beherrschen;
  • einfach Multiplikatiounen an Divisioune beherrschen;
  • d'Rechemaschinn benotzen;
  • mat Sue rechnen;
  • Forme wéi en Dräieck, Rechteck, Véiereck an e Krees kennen;
  • Pläng oder Kaarte liesen;
  • Moosseenheeten an -instrumenter benotzen;
  • einfach Tableauen a Grafike verstoen a benotzen;
  • Prozenter a Bréch benotzen.

Kuckt och Formatioune vun abcd.lu – Grondbildung.

Lescht Aktualiséierung - 16.10.2020

 

Drécken Alles gesinn/verstoppen
Op Facebook deelen Op Twitter deelen Op LinkedIn deelen Un e Frënd schécken
All d'News gesinn
 
 
Jan Feb Mäe Abr
Mee Juni Jul Aug
Sep Okt Nov Dez
War dës Säit nëtzlech fir Iech? Är Meenung hëlleft eis, dëse Site ze verbesseren. Schéckt Är Commentairen un eise webmaster. Jo E bëssen Nee
Asaz vu Cookien

lifelong-learning.lu setzt Cookien an, fir Iech eng héichwäerteg User-Experienz ze garantéieren, de Benotzertrafic ze moossen, d'Funktionalitéite vun de sozialen Netzwierker ze optiméieren an Iech personaliséiert Inhalter unzebidden.

Wann Dir op dësem Site weidersurft, erkläert Dir Iech mam Asaz vu Cookien ënnert de Konditiounen, déi an den entspriechender Richtlinne festgeluecht goufen, averstanen. Méi doriwwer.

Noutwenneg Cookien
Dës Cookien erlaben et, d'Haaptfunktionalitéite vun eisem Site ze benotzen (zum Beispill den Zougang zu Ärem perséinleche Beräich). Ouni dës Cookië kënnt Dir eise Site net normal benotzen.
Statistiken
Dës Cookien erlaben eis, Statistiken iwwer d'Frequentatioun vun eisem Site opzestellen. Wann Dir se desaktivéiert, verhënnert Dir, datt mir d'Qualitéit vun eise Servicer suivéieren a verbessere kënnen.
Geziilt Publicitéit
Dës Cookien erlaben et, Iech um Internet an an de sozialen Netzwierker Informatiounen a Formatiounsofferen unzeweisen, déi Äre Besoinen am beschten entspriechen.

Eis Richtlinne fir den Asaz vu Cookië consultéieren

Akzeptéieren D'Cookië parametréieren