Online – Informationsveranstaltung - Zertifikat für Bewegungsförderung und -erziehung
University of Luxembourg Competence Centre - 13/06/2022
De University of Luxembourg Competence Centre – an Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg, der École nationale de l’Éducation Physique et des Sports (ENEPS) an dem Lycée Technique pour Professions Éducatives et Sociales (LTPES) - proposéiert en Uni-Zertifikat an der Beweegungsfërderung an -erzéiung. Dës beruffsbegleedend Zousazformatioun mat universitärem Charakter gëtt vum Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend (MEN) a vum Sportsministère (MSP) ënnerstëtzt an erméiglecht de Participanten Beweegunskonzepter pädagogesch sënnvoll ëmzesetzen.
Beweegung ass en enormt wichtegt Element fir d’Entwécklung vun eise Kanner. Duerch si entdecken d’Kanner d’Welt, mat hir gi si fit a bleiwe gesond an ouni si entstinn Defiziter, déi et opzefänke gëllt. Di gesellschaft Entwécklung an awer och den aktuelle Kontext hunn net réischt säit gëschter en negativen Afloss op d’Plaz vun der Beweegung am Alldag vun de Kanner.
Grond genuch hei den Hiewel souwuel am formalen, am non-formale wéi och am informelle Kontext unzesetzen. Vill Kanner verbréngen en Deel vun hirem Dag a Betreiungsstrukturen wa si net grad an der Schoul sinn. An och en Trainer an engem Sportsveräin kann a sou enger Formatioun enorm nëtzlech Konzepter mat op de Wee kréien. Well ouni déi néideg Ressourcen a Kompetenzen ass et schwéier ganzheetlech ze schaffen an de Kanner nees de Spaass un der Beweegung méi no ze bréngen.
An deem Sënn ass dës Formatioun entstanen an den Zertifikat gëtt elo am Hierscht fir di 2. Kéier ugebueden. En dauert insgesamt 3 Semester a kann nieft der Aarbecht absolvéiert ginn. Insgesamt ass en 20 ECTS wäert, déi vun der Uni delivréiert ginn. Am Mëttelpunkt steet dat konkret Ausprobéieren an Erfuersche vu beweegungspädagogesche Konzepter. Ausgeluecht ass d’Formatioun suwuel op Léierpersonal, wéi och op Erzéier a Betreier am sozial-edukative Beräich an awer och Traineren am Sportsberäich, déi mat Kanner vu 0-12 Joer schaffen. D’Stäerkt vun der Formatioun läit kloer an der praktescher Ausleeung vun de Coursen a si bidd vill Aktivitéitsbeispiller an Austauschméiglechkeeten.
Gitt och DIR elo aktiv an hëlleft de Kanner spillend a mat Spaass nees méi Beweegung an hiren Alldag ze kréien!
Méi Informatiounen op www.competence.lu.