Jubiläumskonferenz – 15 Joer Luxemburgistik op der Uni Lëtzebuerg
Université du Luxembourg - 18/11/2021
15 Joer Institut vun der Luxemburgistik, dat si 15 Joer Opbau an Ausbau vun der Fuerschung a vun der Léier am Beräich vun der Lëtzebuerger Sprooch- a Literaturwëssenschaft. Dësen Anniversaire ass d’Geleeënheet, fir souwuel e Réckbléck wéi och en Ausbléck vun de verschiddene Fuerschungberäicher ze maachen.
D’Participatioun un der Konferenz ass an éischter Linn online iwwer WebEx virgesinn. Soubal Dir Iech ugemellt hutt, kritt Dir en entspriechende Link zougeschéckt, iwwert deen Dir un der kompletter Konferenz deelhuele kënnt.
Fir d’Table ronde (18. November um 16h30) ginn et och e puer limitéiert Plaze sur place (Covid-check).
Preziséiert wgl. an Ärer Email, ob Dir online un der Konferenz an/oder op der Plaz un der Table ronde deelhuele wëllt.
Dës Konferenz ass och als Formation Continue fir Enseignante*ë beim IFEN eligibel. Gitt bei der Umledung wgl. un, wann Dir Iech dëst Evenement urechne loosse wëllt. Just op dës Manéier kënne mer Iech duerno dat entspriechend Dokument zoukomme loossen. Méi Informatiounen dozou.
Programm