GOEN BIS INHALT
D'Portal fir liewenslaangt Léieren
LU
DE
EN
FR
PT
Dir sidd hei:Accueil > Agenda

Informatiounsversammlung iwwert d'Validation des acquis de l'expérience (VAE)

INFPC - 21/03/2022

VAE image homme 2021 D'Informatiounsveranstaltunge ginn als Presentiel-Veranstaltungen (limitéiert Plazen) ugebueden a simultan am Livestream iwwerdroen. D'Participantë vun de Presentiel-Veranstaltunge kréien och d'Méiglechkeet, direkt no der Veranstaltung hir Froen ze stellen.

Ënnert der Validation des acquis de l'expérience (VAE) versteet een eng Prozedur, mat där ee berufflech oder ausserberufflech Erfahrung valoriséiere loosse kann, fir en Ofschloss oder en Deel vun engem Ofschloss ze kréien,

d. h.:

  • en Diplom oder Certificat vum Enseignement secondaire général (Diplôme de fin d'études secondaires générales, DT - Diplôme de technicien, DAP - Diplôme d'aptitude professionnelle, CCP - Certificat de capacité professionnelle),
  • eng Meeschterkart (brevet de maîtrise) am Handwierk,
  • en Universitéits- oder Héichschouldiplom oder -brevet (Master, Bachelor, BTS - Brevet de technicien supérieur).

D'VAE ass en alternative Wee, fir en Diplom ze kréien a Wëssen an Erfahrung, déi een an engem formellen, net formellen oder informelle Léierprozess gesammelt huet, unerkennen ze loossen. Si valoriséiert d'Eenzelpersoun an erliichtert d’liewenslaangt Léieren.

D'VAE gëllt fir all Zilgruppen, onofhängeg vum Alter, vun der schoulescher Ausbildung oder der berufflecher Situatioun.

D'Kandidate fir d'VAE mussen hir bezuelten oder benevole Aktivitéit mat oder ouni Ënnerbriechung mindestens 3 Joer, d. h. 5.000 Stonnen, ausgeübt hunn. Den Diplom, fir deen eng VAE-Demande agereecht gëtt, muss mat der ausgeübter Aktivitéit zesummenhänken.

Den INFPC presentéiert, wéi de System vun der Validation des acquis de l’expérience funktionéiert, fir datt jidderee sou gutt wéi méiglech informéiert ass.

D'Participatioun ass gratis, d'Umeldung fir d'Versammlung ass obligatoresch.
Bei de Presentiel-Veranstaltunge ginn d'Gesondheetsbestëmmunge strikt agehalen. D'Participantë vun de Livestream-Veranstaltunge kréien no hirer Aschreiwung e Link, fir sech ze connectéieren.

Sech umellen.

Deelt dësen Inhalt

 

Drécken Alles gesinn/verstoppen Un e Frënd schécken
Organisateur
INFPC

An Zesummenaarbecht mat der Chambre d'Agriculture, Chambre de Commerce, la Chambre des Fonctionnaires et Employés Publics, Chambre des Métiers, Chambre des Salariés, dem Luxembourg Lifelong Learning Center an dem Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse


www.infpc.lu

Inscription obligatoire
Datum 21/03/2022
vCalendar
Auerzäiten 18h00 - 19h30
Präis Gratis
Plaz Luxembourg Lifelong Learning Center / Chambre des salariés (CSL)
2-4, rue Pierre Hentges
L-1726 Luxembourg
Kontakt Liliane Sousa
+352 46 96 12 220
Asaz vu Cookien

lifelong-learning.lu setzt Cookien an, fir Iech eng héichwäerteg User-Experienz ze garantéieren, de Benotzertrafic ze moossen, d'Funktionalitéite vun de sozialen Netzwierker ze optiméieren an Iech personaliséiert Inhalter unzebidden.

Wann Dir op dësem Site weidersurft, erkläert Dir Iech mam Asaz vu Cookien ënnert de Konditiounen, déi an den entspriechender Richtlinne festgeluecht goufen, averstanen. Méi doriwwer.

Noutwenneg Cookien
Dës Cookien erlaben et, d'Haaptfunktionalitéite vun eisem Site ze benotzen (zum Beispill den Zougang zu Ärem perséinleche Beräich). Ouni dës Cookië kënnt Dir eise Site net normal benotzen.
Statistiken
Dës Cookien erlaben eis, Statistiken iwwer d'Frequentatioun vun eisem Site opzestellen. Wann Dir se desaktivéiert, verhënnert Dir, datt mir d'Qualitéit vun eise Servicer suivéieren a verbessere kënnen.
Geziilt Publicitéit
Dës Cookien erlaben et, Iech um Internet an an de sozialen Netzwierker Informatiounen a Formatiounsofferen unzeweisen, déi Äre Besoinen am beschten entspriechen.

Eis Richtlinne fir den Asaz vu Cookië consultéieren

Akzeptéieren D'Cookië parametréieren
Veuillez patienter...