SKIP TO CONTENT
The portal for lifelong-learning
LU
DE
EN
FR
PT
You are here: Home > Agenda

D'YEP - Schoulfoire

Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse - 02/05/2022

YEP D’YEP-Schoulfoire riicht sech u Kanner a Jonker aus dem Cycle 4 vum Fondamental an aus dem Secondaire, awer och un hir Elteren an déi Professionell aus der Educatioun a ronderëm d’Educatioun. Presentéiert ginn déi verschidde Facettë vum Lëtzebuerger Schoulsystem. Et ass eng Plattform, fir déi schoulesch a professionell Orientatioun ze promouvéieren a fir Neies kennen ze léieren.

Nieft der grousser Offer, déi wärend der Schoulfoire fir d’Klassen aus dem Cycle 4 an dem Enseignement secondaire ugebuede gëtt, wäert och fir interesséiert Elteren, zesumme mat hire Kanner, e grousse Programm bestoen.

Méindes a mëttwochs vu 16 bis 19 Auer wäerten d’Servicer vum Ministère an déi verschidde Lycéeën den Elteren zur Verfügung stoen, fir hinnen op hir Froen ze äntweren. Diskussiounspunkte sinn déi grouss Diversitéit vun der Schouloffer an déi vill verschidde Méiglechkeeten am Lëtzebuerger Educatiounssystem; dës Theeme ginn a Presentatiounen erkläert a kënnen direkt bei de responsable Persounen nogefrot ginn. Dës Orientéierungshëllef ass och dënsdes nomëttes ab 13 Auer méiglech. Den Dënsdegnomëtteg wäert allgemeng am Zeeche vun der Famill stoen. Nieft dem Kenneléiere vun der Lycéesoffer an de Servicer vum Educatiounsministère, kënnen d’Familljen zesummen déi verschidden Handwierker a Beruffer vun de LuxSkills-Concoursen entdecken. Doriwwer eraus wäert de ganzen Nomëtteg och Kodéiere mat der Famill ugebuede ginn, fir gemeinsam éischt Schrëtt am Kodéieren ze maachen.

Verdeelt op dräi Halen dréit sech d’YEP-Schoulfoire ëm fënnef Haaptachsen:

  • d’Lëtzebuerger Lycéeën,
  • de Ministère, seng Servicer, Administratiounen a Projeten,
  • de Léierplazendag,
  • d’LuxSkills
  • an Entdeckungs-Atelieren.
D’Inscriptioune fir d’Schoulfoire sinn op. D’Schoulfoire ass wärend de Schoulhorairen exklusiv fir Schoulklassen op. Dënsdes nomëttes wäert fir Maison-relaisen, Jugendhaiser an all aner Visiteuren op sinn. D’Entrée ass gratis a Visitte vu Privatpersounen, ausserhalb vun de Schoulhorairen, mussen net ugemellt sinn.


-----

Comme les différentes facettes du système éducatif luxembourgeois sont présentées sur la YEP-Schoulfoire, elle constitue une plate-forme d’orientation scolaire et professionnelle et en même temps permet de découvrir quelque chose de nouveau.

La Schoulfoire est organisée autour de cinq piliers. D’une part, les établissements de l’enseignement secondaire publics et privés qui appliquent le programme officiel du ministère ainsi que les différents services et administrations publiques du ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse sont présents. Ils présentent des offres et projets du domaine de l’éducation et en même temps répondent à toute question ou doléance que les visiteurs puissent avoir. D’autre part, la diversité de la formation professionnelle est présentée à travers les concours LuxSkills. Parallèlement, le Léierplazendag permet aux jeunes de faire la rencontre avec des entreprises en vue de leurs premières expériences dans le monde professionnelle.

La YEP-Schoulfoire repose sur 5 axes distincts, à savoir:

  • Les lycées du Luxembourg
  • Le ministère, ses services, ses administrations publiques et ses projets
  • Le Léierplazendag
  • Les LuxSkills
  • Les ateliers de découverte
Pour des raisons d’organisation, l’inscription préalable est obligatoire pour les classes de l’enseignement fondamental, les établissements d’enseignement secondaire, les maison relais et les maisons des jeunes. Les inscriptions se font via le site internet www.schoulfoire.lu, à partir d’un formulaire spécialement destiné à cet effet.

Pour toute autre personne intéressée, la visite se fait librement sans inscription préalable.

Responsibility for the content of this article lies solely with its author - Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse
Share this content

 

Print Expand/Collapse all Send to a friend
Organiser
Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse

schoulfoire.lu

Registration
Date Du 02/05/2022 au 04/05/2022
vCalendar
Schedule 08h00 - 19h00
Price Free
Place LuxExpo (H7,H8,H9)
10, Circuit de la Foire Internationale
L-1347 Luxembourg-Kirchberg
Contact us Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse
info@schoulfoire.lu
Use of cookies

lifelong-learning.lu uses cookies to offer you a quality user experience, measure audiences, optimise functions on social media, and offer you personalised content.

By continuing to browse this website, you accept the use of cookies subject to the conditions provided for in our policy on the subject. Find out more.

Essential cookies
These cookies make it possible to use the main functions of our website (including access to your personal space). Normal use of our website is not possible unless these cookies are enabled.
Statistics
These cookies make it possible to compile statistics on visits to our website. Disabling them stops us monitoring and improving the quality of the services we provide.
Targeted advertising
These cookies make it possible to provide you with information via the Internet and the social media, with offers of training that match your needs.

Read our policy on the use of cookies.

Accept all Manage your cookie settings
Veuillez patienter...