Informatiounsversammlung iwwert d'Validation des acquis de l'expérience (VAE)
INFPC - 22/03/2021
Informatiounsversammlungen 2021
D'Informatiounsveranstaltunge ginn als Presentiel-Veranstaltungen (limitéiert Plazen) ugebueden a simultan am Livestream iwwerdroen. D'Participantë vun de Presentiel-Veranstaltunge kréien och d'Méiglechkeet, direkt no der Veranstaltung hir Froen ze stellen.- 22.03.2021 - op lëtzebuergesch (12h00 - 13h30)
- 25.03.2021 - op franséisch (12h00 - 13h30)
Ënnert der Validation des acquis de l'expérience (VAE) versteet
een eng Prozedur, mat där ee berufflech oder ausserberufflech Erfahrung
valoriséiere loosse kann, fir en Ofschloss oder en Deel vun engem
Ofschloss ze kréien,
d. h.:
- en Diplom oder Certificat
vum Enseignement secondaire général (Diplôme de fin d'études
secondaires générales, DT - Diplôme de technicien, DAP - Diplôme
d'aptitude professionnelle, CCP - Certificat de capacité
professionnelle),,
- eng Meeschterkart (brevet de maîtrise) am Handwierk,
- en Universitéits- oder Héichschouldiplom oder -brevet (Master, Bachelor, BTS - Brevet de technicien supérieur).
D'VAE
ass en alternative Wee, fir en Diplom ze kréien a Wëssen an Erfahrung,
déi een an engem formellen, net formellen oder informelle Léierprozess
gesammelt huet, unerkennen ze loossen. Si valoriséiert d'Eenzelpersoun
an erliichtert d’liewenslaangt Léieren.
D'VAE gëllt fir all Zilgruppen, onofhängeg vum Alter, vun der schoulescher Ausbildung oder der berufflecher Situatioun.
D'Kandidate
fir d'VAE mussen hir bezuelten oder benevole Aktivitéit mat oder ouni
Ënnerbriechung mindestens 3 Joer, d. h. 5.000 Stonnen, ausgeübt hunn.
Den Diplom, fir deen eng VAE-Demande agereecht gëtt, muss mat der
ausgeübter Aktivitéit zesummenhänken.
Den INFPC presentéiert,
wéi de System vun der Validation des acquis de l’expérience
funktionéiert, fir datt jidderee sou gutt wéi méiglech informéiert ass.
D'Participatioun ass gratis, d'Umeldung fir d'Versammlung ass obligatoresch.
Bei de Presentiel-Veranstaltunge ginn d'Gesondheetsbestëmmunge strikt agehalen. D'Participantë vun de Livestream-Veranstaltunge kréien no hirer Aschreiwung e Link, fir sech ze connectéieren.
Sech umellen.