Nouveau - Bachelor en Cultures Européennes - Lëtzebuerger Linguistik a Literatur
Université du Luxembourg - 30/03/2022
D’Formatioun Lëtzebuerger Linguistik a Literatur ass eng vun den disziplinäre Spezialisatioune vum BCE (Bachelor en Cultures Européennes) Programm a gëtt fir d'Wantersemester 2022 fir déi éischte Kéier agefouert. De Programm bitt eng räich Villfalt u Coursen un, iwwer Sproochstrukturen, -geschicht a -politik grad wéi iwwer d’Geschicht vun der méisproocheger Literatur, hir ästhetesch Prozesser a Vermëttlungsstrukturen. Dobäi ginn d’Studenten an d’Studentinnen an Iwwerleeungen iwwer theoreetesch a methodologesch Approchen agebonnen. Spezifesch fir de Studiegang ass och e sprooch- a literaturdidaktesche Volet souwéi Stagen am Enseignement an/oder a kulturellen Institutiounen. Déi regulär Studienzäit ass 6 Semester mat engem obligatoreschen Auslandssemester am 5. Semester. Viraussetzung fir de Studium an der Luxemburgistik ass eng exzellent Maîtrise vum Lëtzebuergeschen (C1) a gutt Sproochkentnisser am Däitschen, am Franséischen an am Engleschen (B2).
Méi Informatiounen op uni.lu.
Leaflet