Lëtzebuergesch léieren - Heiheem - An der Groussregioun - Weltwäit
Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse - 21/04/2022
De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, huet de 14. Abrëll 2022 op enger Pressekonferenz am Institut National des Langues (INL) d’Offer an d’Vilfalt vum Lëtzebuergeschen an der Erwuessenebildung, esouwéi dat neit INL-Gesetz presentéiert. Nieft enger neier Online-Offer vum INL goufen och nei Léiermaterialien a Lëtzebuergeschcoursen am Ausland vun der Direktesch vum Institut national des langues, Maisy Gorza, a vum Direkter vum Service de la formation des adultes, Erik Goerens, virgestallt.
"Den Interessi un eiser Sprooch ass an den leschte Joren däitlech gewuess. Hei am Land an och am Ausland klëmmt d’Zuel vun deene Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. D’Offer u Méiglechkeeten, eis Sprooch ze léieren, gëtt weider méi villfälteg. Vum klassesche Sproochecours heiheem, bis zur Onlineformatioun an allen Ecker vun der Welt", huet de Claude Meisch betount.
Lëtzebuergesch léieren heiheem
- Eng Verdueblung vun den Apprenanten an de Lëtzebuergeschcoursen an de leschten 10 Joer
- Weider Online-Offere vum INL
- Nei Léiermaterialien
Lëtzebuergesch léieren an der Groussregioun
Lëtzebuergesch léiere weltwäit
- Eng nei weltwäit gratis Online-Offer fir Lëtzebuergesch ze léieren
Eng iwwerschaffte Base legale fir den INL
Méi Informatiounen dozou op folgender Säit vum Educatiounsministère.