Skip to content

La journée du futur médecin

27.09.2025
ALEM- Lëtzebuerger Medizinstudéirenden
Lycée des Garçons
Place Auguste Laurent
L-1921 Luxembourg-Limpertsberg
13h30-18h00

ALEM- Lëtzebuerger Medizinstudéirenden

contact@alem.lu

The content of this page is not available in English

Fir ween?

Eis Journée du futur médecin riicht sech un all jonk Medezinner*innen an déi, déi et nach gi wëllen – spriech Lycéesschüler*innen ab 3e mat Interessi um Medezinstudium, Medezinsstudéierend a MEVS.

Wat erwaard dech?

No engem Mot de Bienvenue vun ënner anerem der Héichschoulministesch Mme Stéphanie Obertin an der Gesondheetsministesch Mme Martine Deprez, gi mir iech a Form vun enger Foire d’Méiglechkeet an enger lockerer Atmosphär an den direkten Austausch mat anere jonke Medezinner*innen, an Dokteren an Doktesche vun deene verschiddenste Spezialisatiounen ze trieden. Duerch Networking kann ee souwuel duerch aneren hier Erfarunge léieren, wéi och de Grondstee fir e spéidere Stage oder eventuell souguer eng Aarbechtsplaz leeë. Och déi wichteg administrativ Institutiounen aus der Santé si vertrueden, fir op all méiglech Froen, déi’s du ronderëm d’Schaffen zu Lëtzebuerg als Medezinner*in hues, ze äntwerten.

Duerno rassembléiere mer all d’Participant*innen fir een interaktive Facharztduell, wou dräi Dokteren oder Dokteschen aus dräi verschiddene Fachrichtungen sech op der Bün battelen a probéieren d’Publikum fir hier Spezialisatioun z’iwwerzeegen. Beispillfroen wären: Wéi gesäit een typeschen Aarbechtsdag als Spezialist*in aus? Wat war deen aussergewéinlechste Patient, deen e behandelt huet? A géif een des Spezialisatioun nach eng Kéier wielen?
Du kanns bei der Umeldung deng Préférencen uginn, a mir ginn eist bescht, dass déi beléiftste Spezialisatiounen op der Bün representéiert ginn.

Als Ofschloss vum Dag zerwéiere mir dann een Aperitif convivial, bei deem een den Nomëtteg gutt ausklénge loosse kann.

D’Participatioun un dësem Event ass komplett gratis. D’Umeldunge ginn den 1. September op, also maach dech bäi!

Weider Detailer zum Event gi reegelméisseg op Social Media gepost, dofir follow eis do, fir näischt ze verpassen!

Ordre du jour an Acteuren

-----

Pour qui?

Tout jeune médecin en voie de spécialisation, tout étudiant en médecine (de la 1er à la dernière année), ainsi que tout élève du lycée à partir de la 3e intéressé par le métier de médecin.

Qu’est-ce qui t’attend?

Après le mot de bienvenue notamment par la ministre de l’Enseignement supérieur et de la Recherche, Mme Stéphanie Obertin, ainsi que par la ministre de Santé et de la Sécurité sociale, Mme Martine Deprez, une foire te permettra d’échanger avec d’autres MEVS et médecins de différentes spécialités. Ce sera l’occasion de nouer des contactes utiles, que ce soit pour des futurs stages ou pour partager des expériences professionnelles. Les institutions administratives de la Santé seront également présentes, afin de répondre à toutes tes questions concernant le travail au Luxembourg!

Ensuite, tous les participants se rassembleront dans la salle des fêtes pour duel entre médecins de différentes spécialités. Ceux-ci tenteront de répondre à des questions telles que: Comment s’organise une journée de travail typique? Quel a été ton patient le plus atypique? Si c’était à refaire, choisirais-tu la même spécialisation?

Lors de ton inscription, tu pouras indiquer tes préférences et nous ferons de notre mieux pour que tes spécialités préférées soient représentées.
En guise de clôture, un apéritif convivial sera servi pour terminer la journée dans une ambiance agréable.

La participation à cet événement est entièrement gratuite. Les inscriptions ouvriront le 1er septembre.
Suis-nous sur les réseaux sociaux pour plus de détails, qui y seront régulirement publiés.

Ordre du jour et acteurs


Responsibility for the content of this article lies solely with its author - ALEM- Lëtzebuerger Medizinstudéirenden