Skip to content

Maison de l'orientation - D'Cellule VAE stellt sech fir

16.07.2023
Légende de gauche à droite:
1ère rangée : Yasmine Venturin, Sonia Figueiredo, Caroline Berscheid
2e rangée : René Richartz, Gloria Seara Correia
Manquent sur la photo: Tiziana Micucci, Steve Hoffmann


D'Validation des acquis de l’expérience (VAE) vum Service de la formation professionnelle (SFP), ass 2008 a Lëtzebuerg agefouert ginn. Säit 2010 ginn Dossiere vun de Leit bei eis am Service traitéiert an Diplomer ausgestallt.

D'VAE – wat ass dat konkret?

D'VAE ass d’Unerkennung vu Kompetenzen, déi d'Leit sech duerch Erfarung ugëeegent hunn: entweder op hirer Aarbechtsplaz oder bei benevollen an ausserberufflechen Aktivitéiten. Op deem Wee kënnen d'Leit hir Erfarung duerch ee vun de follgenden Ofschlëss beim Ministère opwäerten:
  • Certificat de capacité professionnelle / CCP
  • Diplôme d'aptitude professionnelle / DAP
  • Diplôme de technicien / DT
  • Diplôme de fin d'études secondaires de l’enseignement secondaire général
  • Meeschterbréif am Handwierk
D'VAE bitt de Leit verschidde Méiglechkeeten, wéi zum Beispill duerch den erhalenen Diplom hire beruffleche Parcours ofzesécheren, hire beruffleche Status ze confirméieren; eng nei Aarbechtsplaz ze fannen; nei Aufgaben ze iwwerhuelen oder nach an hirer aktueller Karriär virunzekommen.

Wéi genau leeft d'Prozedur of?

D'Prozedur ëmfaasst zwou Etappen: fir d'Demande unerkannt ze kréien, muss de Kandidat fir d'éischt als zoulässeg unerkannt ginn (Demande de recevabilité). Fir datt eng Demande als zoulässeg unerkannt ka ginn, muss nogewise ginn, datt en eng gewëssen berufflech, ausser-berufflech an/oder bénévoll Erfahrung gemaach huet, déi op d'mannst dräi Joer gedauert huet (mat 5.000 Stonnen), en continue oder nët, an e Lien huet mat der gewënschter Qualifizéierung. Wann d‘Demande als zoulässeg unerkannt gëtt, muss de Kandidat eng zweet, detailléiert Demande fir d'Unerkennung areechen (Demande de validation sur le fond). D'Validatioun vun den Acquisen ass eng redaktionell Aarbecht wou de Kandidat unhand vun detailléierte Beschreiwunge beweise muss, dat hien d'Wëssen, d'Fäegkeeten a Kompetenzen huet, déi mat den Ufuerderunge vum (schouleschen) Kaderprogramm vum betreffende Certificat, Diplom oder Brevet ze dinn hunn. D'Demande gëtt dorpshin vun enger Unerkennungskommissioun analyséiert, déi dann och eng Decisioun hëlt.

Nieft den administrativen Tâchen ass et wichteg, d'Leit vum Ufank bis zum Schluss vun der Prozedur ze begleeden an hinnen eng professionell Hëllef unzebidden, esou wuel wat déi administrativ Prozedur wéi och de perséinlechen Encadrement ubelaangt.

Ier sech d'Kandidate fir eng VAE Démarche decidéieren, ass et wichteg ze wëssen wat hire professionelle Projet ass. Mir stinn de Leit zur Verfügung, fir hinnen per Mail oder Telefon op hir Froen ze äntweren. Och gi reegelméisseg perséinlech Rendez-vouse mat de Leit ausgemaach, wou si bei eis laanschtkommen an intern conseilléiert ginn. An deem Zesummenhang schaffe mir och enk mam Service de la formation pour adultes (SFA) zesummen, déi eis eng grouss Hëllefstellung bidde wat de Conseil an d'Orientatioun vun eise potentiellen an zukünftege Kandidaten ugeet.

Mir wëllen de Kandidaten esou vill Informatiounen a Conseile wéi méiglech iwwert de gefroten Diplom mat op de Wee ze ginn, a si beschtméiglech an hirer Prozedur begleeden. An deem Kontext bidde mir en individuellen a kollektiven Accompagnement-Service un. Et gi verschidden Informatiouns-Atelieren ugebueden wou d'Leit sëch kënnen iwwert d'Prozedur informéiere kommen, an och individuell Gespréicher während denen eis Accompagnateuren op de Besoin vun all eenzelnen aginn an hinnen de néidesche methodologesche Support ginn fir hiren Dossier kënnen optimal virzebereeden.

Mir empfänken d'Leit gären op Rendez-vous bei eis an der Maison de l’orientation wou mir um 1. Stack, an de Säll 117-121 sëtzen.

Eis Kontaktdaten an Eventer fannt dir ënnert: www.vae.men.lu

Responsibility for the content of this article lies solely with its author - Maison de l’orientation