Bei den Inhalt goen

Zweete Bildungswee / Schoul vun der zweeter Chance

Lescht Aktualiséierung : 14.03.2024

Definitioun

Léieren, dat sech u Persoune riicht, déi aus ënnerschiddleche Grënn net an d'Schoul gaange sinn, d'Schoul virum Ofschloss vun engem Bildungs- oder Ausbildungszyklus ofgebrach hunn oder Zougang zu engem Formatiounsprogramm oder zu engem Beruff kréie wëllen, fir dee si nach net qualifizéiert sinn.

Commentaire:

  • An der Schoul vun der zweeter Chance sinn d'Participanten dacks méi al ewéi déi typesch Altersgrupp vum Programm vum entspriechenden ISCED-Niveau (ouni awer noutgedronge schonn erwuessen ze sinn);
  • Den zweete Bildungswee gëtt heiansdo och "Iwwergangsprogramm" oder "Reintegratiounsprogramm" genannt.

Quell: Cedefop (2023) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de termes clés"