Unerkennung vun den Diplomer vum Enseignement secondaire

Lescht Aktualiséierung : 10.08.2023

Allgemenges

Persounen, déi op Lëtzebuerg kommen an do studéieren oder weiderstudéieren, schaffen oder Zougang zu engem bestëmmte Beruff kréie wëllen, kënnen, jee no hirem konkreete Besoin, Follgendes ufroen:

  • eng Unerkennung vum Bildungsstand (ouni den Ofschlossdiplom),
  • eng Unerkennung vun der Equivalenz vun engem Diplom (Ofschlossdiplom vum Enseignement secondaire),
  • eng Unerkennung vum Bildungsstand, vun der Equivalenz vun engem Diplom an der Equivalenz vu beruffleche Qualifikatiounen.

Fir d'Unerkennung vun Diplomer/Certificaten/Schoulzensure vu Studien am Enseignement secondaire classique, général a professionnel ass de Service fir d'Unerkennung vun Diplomer vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend (MENJE) zoustänneg. Fir e Studienzyklus, deen net ofgeschloss gouf, kann eng Attestatioun iwwer de Bildungsstand ausgestallt ginn.

Unerkennung vum Bildungsstand ouni den Ofschlossdiplom

Diplomer, Breveten, Schoulzensuren a Certificate vum Enseignement secondaire général a professionnel aus dem Ausland kënnen ënner bestëmmte Bedéngunge fir eng Equivalenz-Unerkennung a Betruecht gezu ginn.

Vun der Unerkennung vum Bildungsstand betraff sinn:

  • schoulflichteg Kanner, déi op Lëtzebuerg kommen, ouni an hirem Heemechtsland e vollstännegen Zyklus mat engem Diplom ofgeschloss ze hunn, an déi an de lëtzebuergesche Schoulsystem sollen integréiert ginn;
  • Kanner an Erwuessener, déi op Lëtzebuerg kommen, ouni an hirem Heemechtsland e vollstännegen Zyklus mat engem Diplom ofgeschloss ze hunn, an déi dësen Zyklus fortsetzen oder ofschléisse wëllen;
  • Erwuessener, déi hire Bildungsstand zu Lëtzebuerg wëlle gewuer ginn, déi schaffe goen oder sech weiderbilden an/oder eng Aubsildung fir Erwuessener maache wëllen.

Méi Informatiounen iwwer d'Unerkennung vum Bildungsstand

Unerkennung vun der Equivalenz vun Ofschlossdiplomer vum Enseignement secondaire

Certificaten/Diplomer vum Enseignement secondaire classique, général a professionnel aus dem Ausland kënnen ënner bestëmmte Bedéngungen fir eng Equivalenz-Unerkennung a Betruecht gezu ginn.

Vun der (sougenannter akademescher) Unerkennung vum Diplom betraff sinn:

  • d'Titulairë vun engem Ofschlossdiplom vum Enseignement secondaire, déi en Héichschoul- oder Universitéitsstudium zu Lëtzebuerg maache wëllen;
  • d'Titulairë vun engem Ofschlossdiplom vum Enseignement secondaire, déi op den Aarbechtsmaart wëllen;
  • d'Titulairë vun aneren Diplomer aus dem Enseignement secondaire classique, général a professionnel.

Méi Informatiounen iwwer d'Unerkennung vun Diplomer

Equivalenz-Unerkennung fir den Zougang zu verschiddene Beruffer

Diplomer, Breveten, Schoulzensuren a Certificate vum Enseignement secondaire général a professionnel aus dem Ausland kënnen ënner bestëmmte Bedéngungen fir eng Equivalenz-Unerkennung a Betruecht gezu ginn.

De Service fir d'Unerkennung vun Diplomer stellt d'Unerkennung vun der Equivalenz vu Bildungsstänn, Diplomer a beruffleche Qualifikatiounen fest, dëst par rapport zu den Diplomer, déi zu Lëtzebuerg erfuerderlech si fir den Zougang zu:

  • verschiddene fräie Beruffer oder Beruffer am Handel an am Handwierk;
  • de Gesondheetsberuffer;
  • an zu de Beruffer am sozio-edukative Beräich (diploméierten Educateur, Auxiliaire de vie).

Méi Informatiounen iwwer d'Equivalenz-Unerkennung

Modalitéite fir d'Areeche vun enger Demande fir d'Equivalenz-Unerkennung

All Demande fir d'Unerkennung vun Diplomer/Certificaten/Schoulzensure muss per Post un de Service fir d'Unerkennung vun Diplomer vum MENJE adresséiert ginn a kann nëmmen accordéiert ginn, wann den Dossier komplett ass.

Fir eng Equivalenz-Demande areechen ze kënnen, muss de Kandidat fir d'éischt eng Tax fir d'Bedeelegung un de Beaarbechtungskäschte bezuelen. De Beleg dofir muss obligatoresch un d'Demande gehaange ginn (Erklärungen).

Méi Informatiounen iwwer d'Unerkennung vum Bildungsstand, vun engem Diplom oder enger berufflicher Qualifikatioun

Kontakt

Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse
Service de la reconnaissance des diplômes

29, rue Aldringen
L-1118 Luxembourg

www.men.public.lu