Berufflech Mobilitéit

Lescht Aktualiséierung : 14.03.2024

Allgemenges

An eiser haiteger internationaler Welt si Persounen, déi scho Beruffserfarung am Ausland hunn, ënnerschiddlech Kulture kennegeléiert hunn an e puer Sprooche beherrschen, definitiv en Atout fir hir Employeuren.

Fir d'Employeure bitt Europa Zougang zu enger grousser Vilfalt un Talenter, déi bereet sinn, sech neie berufflechen Erausfuerderungen ze stellen.

Programmer

D'Europäesch Kommissioun huet Programmer entwéckelt, fir d'Mobilitéit vun den Aarbechter an Europa ze fërderen.

  • Work in Luxembourg
    D'Rekrutementsplattform work-in-luxembourg.lu proposéiert Jobofferen an deene Secteuren, an deenen et schwéier ass, gëeegent Kandidaten um nationalen Aarbechtsmaart ze fannen.
  • EURES – Är Aarbechtsplaz an Europa
    EURES begleet engersäits d'Demandeurs d'emploi bei hirer Sich no enger attraktiver Aarbechtsplaz an anerersäits d'Employeure bei hirer Sich no interessante Profiller a ganz Europa.
    D'Aarbechtsagence (ADEM) ass domat beoptraagt, d'Déngschtleeschtunge vun EURES zu Lëtzebuerg ze koordinéieren an ze erbréngen.
  • Euraxess – Researchers in Motion
    Den EURAXESS-Reseau besteet aus iwwer 200 Service-Zenteren a 40 verschiddene Länner. Seng Aufgab ass et, d'Fuerscher an hirer Mobilitéit ze ënnerstëtzen, onofhängeg dovunner, ob si aus der Europäescher Unioun oder aus Drëttlänner stamen. Euraxess Luxembourg stellt de Fuerscher am Kader vun hirer Mobilitéit Informatiounen an Ënnerstëtzung zur Verfügung. All d'Déngschtleeschtunge vum EURAXESS-Reseau si gratis.
  • atWork4NEETs
    Dëse Projet soll an der Politik vun de Partnerregiounen e Prozess vun der Innnovatioun an d'Rulle bréngen, an zwar duerch d'Verbesserung vun der Effikassitéit vun de Planifikatiounsinstrumenter, déi vun de Strukturfonge finanzéiert ginn an drop ausgeriicht sinn, d'Integratioun vu benodeelegte Gruppen um Aarbechtsmaart ze fërderen, besonnesch déi vun den NEETs, d. h. de Jonken, déi weeder eng Aarbecht nach en aktive Léier- oder Ausbildungsparcours hunn (Not in Education, Employment or Training). www.interregeurope.eu/atwork4neets

Méi iwwer d'berufflech Mobilitéit op adem.lu

Kontakt

ADEM – Agence pour le développement de l’emploi

adem.public.lu/fr

Demandeurs d'emploi
+352 247 88888

Employeurs
+352 247 88000