Bei den Inhalt goen

Déngschtleeschtunge fir Persounen: Assistant parental, Kanner a Jugend

Am Beräich vun den Déngschtleeschtunge fir Persoune schreift d'Lëtzebuerger Legislatioun Reegelen a Formatioune vir, déi een absolvéiere muss, wann ee verschidde Beruffer ausübe wëll.

Dageseltere betreie Kanner am Alter tëschent 0 an 12 Joer bei sech doheem. D'Reglementatioun gesäit fir, datt Dageselteren en Agrement brauchen, fir hir Aktivitéit ausüben ze kënnen. Persounen, déi keng Grondausbildung am sozio-edukative Beräich oder am Gesondheets- a Fleegeberäich hunn, mussen d'Formatioun fir Dageseltere matmaachen, fir den Agrement ze kréien.

Méi Informatiounen iwwer d'Formatioun fir Dageselteren

Am Kader vu senge Beméiunge fir d'Weiderentwécklung vun der Qualitéit an de konventionéierten an net konventionéierte Strukture vun der non-formaler Bildung bitt de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend eng national koordinéiert Weiderbildungsoffer fir pedagogescht an net pedagogescht Personal vun den Educatiouns- a Betreiungsservicer, de Mini-Crèchen an de Jugendservicer un.

Méi Informatiounen iwwer de Secteur vun der non-formaler Bildung

Lëtzebuergesch Nationalitéit

Fir d'Lëtzebuerger Nationalitéit duerch Naturalisatioun oder duerch Optioun ze kréien, mussen déi betraffe Persounen de Certificat "Vivre ensemble au Grand-Duché de Luxembourg" virleeën an de "Sproochentest Lëtzebuergesch" gepackt hunn. D'Gesetz iwwer d'Lëtzebuerger Nationalitéit gesäit d'Modalitéite vun de Coursen a vun der Evaluatioun vir.

Méi Informatiounen iwwer d'Acquisitioun vun der Lëtzebuerger Nationalitéit

Handwierklech Beruffer

A verschiddene Beruffer ass d'Meeschterkaart eng onverzichtbar berufflech Qualifikatioun, fir sech selbststänneg ze maachen a Léierjongen- a meedercher ausbilden ze kënnen. D'Meeschterkaart ass déi typesch Ausbildung vun engem Chef d'entreprise. D'Legislatioun organiséiert d'Formatioun, déi zur Meeschterkaart féiert, a leet d'Bedéngunge fest, ënnert deenen een den Titel an d'Meeschterkaart kritt.

Méi Informatiounen iwwer d'Formatiounen am Beräich vun den handwierkleche Beruffer

Beruffer: Handels-, Immobilien-, HORECA- an Transport-Secteur

D'Grënnung vun engem Betrib zu Lëtzebuerg bitt reell berufflech Perspektiven, ënner der Viraussetzung, datt een d'Basistechnike vum Management, déi fir de Succès vun engem Projet d'entreprise onëmgänglech sinn, beherrscht. Et gi Formatiounen, déi dorop ausgeriicht sinn, eng Autorisation d'établissement fir déi verschidde Beruffer am Commerce (am wäiteste Sënn) ze kréien.

Méi Informatiounen iwwer d'Beruffer am Handels-, Immobilien-, HORECA- an Transport-Secteur

Beruffer am Gesondheets- an Hygiènessecteur

Verschidde Gesondheetsberuffer si reglementéiert an et brauch een eng Autorisatioun, fir se zu Lëtzebuerg ausüben ze kënnen. Fir dës Autorisatioun vum Gesondheetsministère ze kréien, muss de Kandidat d'Bedéngungen a Bezuch op de Beruff an op seng physesch a psychesch Gesondheet, déi virgeschriwwe sinn, fir de Beruff ausüben ze kënnen, erfëllen.

Méi Informatiounen iwwer déi reglementéiert Gesondheetsberuffer

All Prestataire, deen Tätowéierservicer ubitt oder der Ëffentlechkeet UV-Solariumen zur Verfügung stellt, muss Formatiounen iwwer d'Hygiènes- a Gesondheetsbedéngungen oder Formatiounen zum Theema Hygiènesbedéngungen a Schutz virun ultravioletter Stralung absolvéieren.

Méi Informatiounen iwwer d'Hygiène an den Tattoostudioen an Etablissementer mat Solariumen

Travailleur-désigné am Betrib

Der Lëtzebuerger Legislatioun no ass den Employeur verflicht, all néideg Moossnamen ze ergräifen, fir d'Sécherheet an d'Gesondheet vu senge Mataarbechter an allen Aspekter, déi d'Aarbecht betreffen, ze schützen. Fir dës Aufgaben erfëllen ze kënnen, ernennt hien ënnert senge Mataarbechter een oder e puer Travailleur-désignéen. Den Travailleur-désigné muss mat der Gesetzgebung am Beräich vun der Sécherheet an der Gesondheet vun de Mataarbechter op der Aarbechtsplaz vertraut sinn an iwwer déi néideg technesch Kenntnisser verfügen, fir d'Problemer am Zesummenhang mat der Sécherheet an der Gesondheet vun de Mataarbechter op der Aarbechtsplaz anzeschätzen. D'Formatiounen, déi fir d'Travailleur-désignéen organiséiert ginn, hänke vun der Zuel vun de Mataarbechter a vum Aktivitéitssecteur of.

Méi Informatiounen iwwer d'Formatioune fir den Travailleur-désigné