D'Validation des acquis de l'expérience -
Ëm wat geet et genee?

Lescht Aktualiséierung : 08.08.2023

Allgemenges

Iwwer de Wee vun der VAE ass et méiglech, eng Qualifikatioun oder eng partiell Validatioun, Zougang zu engem Formatiounsparcours oder eng partiell Dispens vu verschiddene Coursë vun engem Studieprogramm ze kréien.

D'VAE ass eng zousätzlech Méiglechkeet, Accès zu engem Diplom ze kréien. Si gëllt fir all Zilgruppen, onofhängeg vum Alter, vun der schoulescher Ausbildung oder der berufflecher Situatioun.

Eng onëmgänglech Bedéngung ass, datt d'Kandidaten iwwer mindestens 3 Joer, d.h. 5.000 Stonnen, eng bezuelten, net bezuelten oder benevole Aktivitéit mat oder ouni Ënnerbriechung an am direkten Zesummenhang mat der Certificatioun, déi ugefrot gëtt, ausgeüübt hunn.

Betraff sinn déi follgend Qualifikatiounen:

Akzeptéiert wgl. d'Marketing-Cookies, fir dëse Video ze kucken.

D'Certificaten, d'Diplomer an d'Breveten, déi een iwwer d'VAE kritt, sinn equivalent mat deenen, déi een iwwer aner Methode fir d'Wëssenskontroll kritt, a bréngen déiselwecht Rechter mat sech.

Dir wëllt méi doriwwer gewuer ginn?

Den INFPC organiséiert gratis Informatiounsveranstaltungen iwwer d'Validation des acquis de l'expérience (VAE)

Méi Informatiounen op www.infpc.lu

Demarchen

Fir eng VAE ufroen ze kënnen, ass eng perséinlech Aarbecht erfuerderlech. De Kandidat muss en Dossier zesummestellen, an deem en all seng Kenntnisser, Fäegkeeten a Kompetenzen, déi um Programm vun der ugestriefter Qualifikatioun stinn, noweist.

D'Demarchen an den zoustännegen Organismus variéieren an hänke vun der ugestriefter Qualifikatioun of.

Qualifikatioun Zoustännegen Organismus
  • CCP, DAP, DT, Diplôme de fin d’études secondaires générales a Brevet de maîtrise
Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend
  • BTS
De Lycée, deen déi ugestriefte Formatioun ubitt
  • Zougang zum Studiegang, Erhale vun Transfertkreditter oder vun Dispense fir e Bachelor- oder Master-Programm
Universitéit Lëtzebuerg

Méi gewuer ginn iwwer d'Prozedur fir d'Validation des acquis de l'expérience fir déi eenzel Qualifikatiounen:

Kontakt

CCP, DAP, DT DFESG et Brevet de maîtrise

Ministère de l’Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse
Service de la formation professionnelle

Cellule VAE
29, rue Aldringen
L-2926 Luxembourg

Accueil client sur rendez-vous:
38, rue Philippe II
L-2926 Luxembourg

www.vae.men.lu

+352 247 75908
+352 247 65253
+352 247 85993
+352 247 85937
Brevet de Technicien supérieur

Lycée proposant la formation visée


Diplômes universitaires

Université du Luxembourg
SEVE - Service des études et de la vie étudiante

www.uni.lu

+352 46 66 44 6060
Formulaire de contact