FutureSkills Initiative

Lescht Aktualiséierung : 11.08.2023

Allgemenges

D’Aarbechtsagence (ADEM) begleet d'Entreprisen an hir Salariéen, deenen hir Aktivitéit sech opgrond vun engem déifgräifenden technologesche Wandel mat enger neier Aarbechtsorganisatioun, neie Funktiounen a Kompetenzen, radikal verännere wäert.

D'Digitaliséierung an d'Automatiséierung betreffen haut all d'Aktivitéitssecteuren zu Lëtzebuerg a bewierken eng radikal Verännerung vun den Entreprisen, den Aarbechtsplazen an de Kompetenzen, an dat am groussen Ëmfang a mat enger bis elo nach ni erliefter Komplexitéit. Eng proaktiv a strategesch Requalifikatioun vun de Beschäftegten ass déi beschtméiglech Äntwert vun de Betriber op de Wandel vun hiren Aktivitéiten.

Dëse Paradigmewiessel erfuerdert d'Entwécklung vun enger gemeinsamer Visioun, déi op déi zukünfteg Demande vum Aarbechtsmaart ausgeriicht ass, en Ënnerstëtzungsmechanismus fir déi am stäerkste betraffen Entreprisen a Salariéen, genee ewéi evolutiv an innovativ Instrumenter, fir d'Entwécklung vun de Kompetenze besser ze begleeden.

Formatioun a praktesche Stage

De Programm FutureSkills erlaabt de Kandidaten, déi vun der ADEM ausgewielt goufen, iwwert eng Formatioun hir Kompetenzen ze stäerken an neier ze entwéckelen. De praktesche Stage erméiglecht hinnen, wärend dem Zäitraum vun der Aarbechtslosegkeet aktiv ze bleiwen.

De Programm riicht sech un Demandeurs d'emploi, déi Chômage kréien an déi op d'mannst eng 2e vum Enseignement secondaire ofgeschloss hunn, Franséisch beherrschen a Grondkenntnisser am Lëtzebuergeschen hunn.

D'Kandidate musse beweisen, datt si motivéiert sinn, sech nei Kompetenzen unzëeegnen, a fäeg sinn, selbstänneg un enger Online-Formatioun (e-learning) deelzehuelen.

De Volet Formatioun, deen am Partenariat mam House of Training vun der Chambre de Commerce an dem Luxembourg Lifelong Learning Center vun der Chambre des salariés ëmgesat gëtt, dauert 3 Méint a befaasst sech haaptsächlech mam Opbau vun transversale Kompetenzen:

  • Soft Skills (Kommunikatioun, Kreativitéit, Upassungsfäegkeet asw.)
  • Digital Skills (digitale Wandel, Instrumenter fir zesummen ze schaffen asw.)
  • Project Management Skills
  • Formatioun an der Bureautique oder Daten a Coding (fräi wielbar)

No dëser intensiver Formatioun setzen d'Kandidaten hir nei berufflech Acquisen am Kader vun engem Stage vu 6 Méint am ëffentleche Secteur (Staat, Gemeng, ëffentlech Ariichtung asw.) an d'Praxis ëm. Wärend dësem Stage iwwerhuele si divers administrativ Aufgaben: Traitement vun Dossieren, Analysen a Recherchen, Kommunikatioun, Gestioun vun Internetoptrëtter …

Wärend dem ganze Parcours sichen d'Participantë weider aktiv no enger Aarbechtsplaz a bleiwe fir de privaten an ëffentlechen Aarbechtsmaart verfügbar.

Méi Informatiounen iwwer d'Initiativ FutureSkills op adem.lu

Kontakt

ADEM – Agence pour le développement de l’emploi

futureskills@adem.etat.lu