Kulturcongé

Un héichrangege kulturelle Veranstaltungen oder un unerkannte kënschtleresche Veranstaltunge an un enger fachlecher Formatioun am kulturellen oder kënschtleresche Beräich deelhuelen.
Lescht Aktualiséierung : 29.01.2024

Allgemenges

De Kulturcongé riicht sech u Salariéen, Selbstänneger, Fräiberuffler an u Staats- a Gemengebeamten.

E kann ugefrot gi vun de Kulturschafenden (Kënschtler oder all aner Persoun, déi un engem Projet oder enger Produktioun an de Beräicher Film, audiovisuell Produktiounen, Musek asw. bedeelegt ass), déi deelhuele wëllen un:

  • enger fachlecher Formatioun am Kulturberäich, déi vun engem agreéierten Institut fir berufflech Weiderbildung organiséiert gëtt;
  • enger héichrangeger Veranstaltung zu Lëtzebuerg oder am Ausland, zu där si ageluede goufen, souwuel fir d'Virbereedungsphas wéi och fir Duerchféierungsphas vun der Veranstaltung. Als héichrangeg Veranstaltunge gëlle kulturell Veranstaltungen, déi an deenen entspriechende kënschtlereschen oder kulturelle Beräicher unerkannt an international bekannt sinn (Theater- oder Filmproduktiounen, Visual Art-Ausstellungen, Festivallen, Foiren, Literatursalonen, kulturellen Austausch, Präisiwwerreechung, internationale Kongress asw.).

De Kulturcongé kann ugefrot gi vun den administrative Kadere vun de Federatiounen, nationale Reseauen oder Associatiounen (Persounen, déi fir d'Gestioun oder d'Direktioun verantwortlech sinn oder déi op administrativem Plang dozou bäidroen) fir:

  • sech ëm d'Gestioun vun der Federatioun, dem nationale Reseau oder dem Verband ze këmmeren;
  • un enger internationaler Versammlung vun de Federatiounen, nationale Reseauen oder Associatiounen deelzehuelen;
  • un enger fachlecher Formatioun am Kulturberäich deelzehuelen, déi vun engem agreéierten Institut fir berufflech Weiderbildung organiséiert gëtt.

De Kulturcongé kann ugefrot gi vun de Persounen, déi vun de Federatiounen, nationale Reseauen oder Associatiounen ernannt ginn, fir un den héichrangege kulturelle Veranstaltungen zu Lëtzebuerg deelzehuelen.

Déi kulturell Aktivitéit oder déi kulturell Veranstaltung, fir déi de Congé ugefrot gëtt, däerf net zur haaptberufflecher Tätegkeet vun der Persoun gehéieren, déi de Congé ufreet.

Viraussetzungen

Fir de Kulturcongé an Usproch huelen ze kënnen, mussen déi Kulturschafend:

  • zum Zäitpunkt, wou de Kulturcongé ugefrot gëtt, zanter mindestens 6 Méint als Salarié, Selbstännegen oder Fräiberuffler bei der Lëtzebuerger Sozialversécherung affiliéiert sinn;
  • zum Zäitpunkt vun der Congésdemande eng Anciennetéit vu mindestens 6 Méint bei hirem Employeur hunn;
  • hir kulturell Aktivitéit nieweberufflech, d.h. nieft enger anerer berufflecher Tätegkeet ausüben;
  • sech duerch hiren Engagement an der Lëtzebuerger Kultur- a Konschtzeen en Numm gemaach hunn.

Déi administrativ Kadere mussen:

    • zum Zäitpunkt vun der Congésdemande eng Anciennetéit vu mindestens 6 Méint bei hirem Employeur hunn; oder
    • zum Zäitpunkt vun der Congésdemande zanter mindestens 6 Méint als Selbstännegen oder Fräiberuffler bei der Lëtzebuerger Sozialversécherung affiliéiert sinn;
  • hir administrativ Tätegkeet nieweberufflech, d.h. nieft enger anerer bezuelter oder selbstänneger berufflecher Aktivitéit ausüben;
  • administrative Kader vun engem Verband aus dem Kultursecteur oder enger Federatioun oder engem fir de Kultursecteur representativen nationale Reseau sinn, deen eng droend Roll am kulturelle Beräich spillt an heifir all Joer eng finanziell Ënnerstëtzung vum Staat kritt.

D'Persounen, déi vun de Federatiounen, nationale Reseauen oder Associatiounen ernannt ginn, fir un héichrangege kulturelle Veranstaltungen zu Lëtzebuerg deelzehuelen, mussen zum Zäitpunkt vun der Congésdemande eng Anciennetéit vu mindestens 6 Méint bei hirem Employeur hunn.

Ausbildungsstagen, privat Fuerschungsprojeten a Promotiounsvirstellunge sinn net eligibel, fir e Kulturcongé accordéiert ze kréien.

Demarchen

D'Demande, fir Kulturcongé ze kréien, muss 2 Méint virum Datum vun der Veranstaltung, fir déi de Congé ugefrot gëtt, beim Kulturminister agereecht ginn.

Den Employeur oder de Chef vun der Administratioun muss bannent engem Delai vun 8 Schaffdeeg säin Avis iwwer d'Congésdemande ofginn. Hie ka säin Accord refuséieren, wann d'Feele vum Mataarbechter riskéiert, gréisser nodeeleg Auswierkungen op de Betrib vun der Entreprise, op de Fonctionnement vun der Administratioun oder vum ëffentleche Service oder op den harmoneschen Oflaf vum bezuelte Congé vun deenen anere Mataarbechter ze hunn.

De Kulturcongé gëllt als effektiv Schaffzäit. Wärend der Dauer vum Kulturcongé bleiwen d'gesetzlech Bestëmmungen am Beräich vun der Sozialversécherung an dem Aarbechtsschutz fir d'Beneficiairë bestoen.

Zuel vun Deeg an Dauer

De Kulturcongé ass begrenzt:

  • fir déi Kulturschafend op 12 Deeg pro Joer a pro Beneficiaire
  • fir d'administrativ Kadere vun de Federatiounen an nationale Reseauen aus dem Kultursecteur, deenen hir Associatiounen oder affiliéiert institutionell Memberen zesummen:
    • manner ewéi 1.000 Memberen zielen, déi hir Cotisatioun bezuelt hunn, op 5 Deeg pro Joer a pro Ariichtung
    • op d'mannst 1.000 Memberen zielen, déi hir Cotisatioun bezuelt hunn, op 10 Deeg pro Joer a pro Ariichtung
  • fir d'administrativ Kadere vun den Associatiounen aus dem Kultursecteur, déi:
    • manner ewéi 50 aktiv Memberen zielen, déi hir Cotisatioun bezuelt hunn, op 2 Deeg pro Joer a pro Ariichtung
    • tëschent 50 an 200 aktiv Memberen zielen, déi hir Cotisatioun bezuelt hunn, op 3 Deeg pro Joer a pro Ariichtung
    • iwwer 200 aktiv Memberen zielen, déi hir Cotisatioun bezuelt hunn, op 4 Deeg pro Joer a pro Ariichtung

De Federatiounen an nationale Reseauen aus dem Kultursecteur sti pro Joer 50 Deeg Kulturcongé zur Verfügung, fir déi vun hinnen ernannte Persounen un héichrangege kulturelle Veranstaltungen zu Lëtzebuerg deelhuelen ze loossen.

Den Associatiounen aus dem Kultursecteur stinn 10 Deeg Kulturcongé pro Joer zur Verfügung, fir déi vun hinnen ernannte Persounen un héichrangege kulturelle Veranstaltungen zu Lëtzebuerg deelhuelen ze loossen.

De Kulturcongé kann opgedeelt ginn, woubäi all Deel op d'mannst 4 Stonnen ëmfaasse muss.

Ausgläichsindemnitéit

Wärend dem Kulturcongé gëtt de Beneficiaire follgendermoosse remuneréiert:

  • Salariéen aus dem Privatsecteur hu fir all Dag Congé Usproch op eng Ausgläichsindemnitéit, déi vum Employeur bezuelt gëtt an dem duerchschnëttlechen Dagesverdéngscht entsprécht. Dës Indemnitéit kann net méi héich si wéi dat Véierfacht vum soziale Mindestloun fir onqualifizéiert Aarbechter (10.283,72€ / Index 944,43 den 1. Januar 2024). D'Indemnitéit gëtt hinne vum Employeur ausbezuelt, dee vum Staat d'Héicht vun der Indemnitéit an der Part patronale vun de Sozialversécherungsbeiträg erëmbezuelt kritt. D'Demande fir de Remboursement muss iwwer e virgedréckte Formulaire agereecht ginn.
  • Selbstänneger oder Fräiberuffler verfügen iwwer eng Ausgläichsindemnitéit, déi op der Basis vun der Bemiesseungsgrondlag festgeluecht gëtt, awer net iwwer dat Véierfacht vum soziale Mindestloun fir onqualifizéiert Aarbechter erausgoe kann (10.283,72€ / Index 944,43 den 1. Januar 2024);
  • Persounen, déi am ëffentleche Secteur beschäftegt sinn, bezéie weiderhin hir Remuneratioun an hu weiderhin Usproch op déi mat hirer Funktioun verbonne Virdeeler.

D’Indemnitéit gëtt dem Employeur oder Selbstännege op der Basis vun enger Deklaratioun rembourséiert, déi nom Enn vum Kulturcongé a spéitstens den 1. Mäerz vum Joer direkt no deem Joer, an deem de Congé geholl gouf, un de Minister ze schécken ass, dee fir d'Kultur zoustänneg ass.

Kontakt

Ministère de la Culture
4, boulevard Roosevelt
L-2450 Luxembourg

mc.gouvernement.lu