Secteur vun der non-formaler Bildung

Lescht Aktualiséierung : 04.08.2023

Allgemenges

Am Kader vu senge Beméiunge fir d'Weiderentwécklung vun der Qualitéit an de konventionéierten an net konventionéierte Strukture vun der non-formaler Bildung bitt de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend eng erweidert Weiderbildungsoffer fir pedagogescht an net pedagogescht Personal vun de Services d'éducation et d'accueil, de Mini-Crèchen a de Jugendservicer un. Et geet an éischter Linn dorëm, déi aktuell Offer souwuel a puncto Qualitéit wéi och a puncto Quantitéit ze verbesseren an den Accès zu dësem Service gratis ze maachen.

Prestatiounen

D'Strukture vun der non-formaler Bildung kréien eng gewëssen Zuel vu "Weiderbildungskreditter" a "Beruffsbegleedungskreditter", déi op Basis vun der Zuel vun den Employéen (Vollzäitequivalent, CDI) berechent ginn.

Dës Kreditter kënne fir Weiderbildungs- oder Beruffsbegleedungsmodüllen am Kader vun engem staatlech finanzéierte Weiderbildungsprogramm benotzt ginn. De Service national de la jeunesse (SNJ) ass fir d'Koordinatioun vun deem Weiderbildungsprogramm zoustänneg.

Fir de Weiderbildungsprogramm gëtt op d'Expertise vun e puer Weiderbildungsagencen aus dem Secteur vun der non-formaler Bildung zeréckgegraff, déi eng zolidd Erfarung am Beräich vun der Weiderbildung an erwisen organisatoresch Fäegkeeten hunn. Dës Agencë musse Weiderbildungsmodüllen ausschaffen, Formateure fannen a Weiderbildungspläng virschloen, déi mat de Qualitéitskrittären iwwerteneestëmmen, déi am Virfeld vun der Weiderbildungskommissioun vum SNJ festgeluecht goufen.

Et ginn zwou Zorte Prestatiounen:

  • Weiderbildung
    • Pedagogesch Formatiounen: pedagogesch Orientatioun, Entwécklung vum Kand a vum Jugendlechen, pedagogesch Approchen a Methoden, déi 7 Aktiounsfelder vum Cadre de référence national sur l’éducation non formelle
    • Net pedagogesch Formatiounen: Management a rechtleche Kader, Sécherheet a Gesondheet op der Aarbechtsplaz
  • Beruffsbegleedung
    • Kollektiv Ekippesupervisioun
    • Individuelle Coaching vu Féierungskräften

Fir vun dësem Dispositif kënnen ze profitéieren, muss all Service d'Zuel vu sengen Employéen uginn, andeem en dem SNJ de Formulaire, fir Kreditter unzefroen, schéckt.

Kontakt

SNJ - Service national de la Jeunesse

33, Rives de Clausen
L-2165 Luxembourg

formation.enfancejeunesse.lu