Bei den Inhalt goen

Erwuessenebildung / Ausbildung fir Erwuessener

Lescht Aktualiséierung : 13.03.2024

Definitioun

Formellt oder net formellt Léieren am allgemengen oder beruffleche Bildungsberäich, dat nom Ofschloss vun der Éischtausbildung stattfënnt an drop ausgeriicht ass:

  • eng allgemeng Formatioun an engem Domaine, fir deen ee sech besonnesch interesséiert, ze kréien (z. B. am Kader vun oppenen Universitéiten);
  • sech Grondkompetenzen unzëeegnen, déi een am Kader vun der Éischtausbildung net geléiert huet (z. B. Schreif,- Lies- a Rechekompetenzen) – an deem Fall schwätzt ee vu kompensatoreschem Léieren – an domat;
  • Zougang zu enger Qualifikatioun ze kréien, déi een, aus ënnerschiddleche Grënn, net am Kader vun der Éischtausbildung erreecht huet – an deem Fall schwätzt ee vum zweete Bildungswee;
  • Kenntnisser a Kompetenzen ze verbesseren oder ze aktualiséieren (berufflech Weiderbildung)
  • sech nei Kompetenzen am Hibléck op eng sozioberufflech Promotioun oder Ëmschoulung / e Reklassement unzëeegnen;
  • déi gesellschaftlech Integratioun sécherzestellen (z. B. Sproochecoursë fir Migranten)

Quell: Cedefop (2023) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de termes clés"