Bei den Inhalt goen

International Standardklassifikatioun am Bildungswiesen (ISCED) 2011

Lescht Aktualiséierung : 13.03.2024

Definitioun

Am Joer 2011 vun der UNESCO adoptéierte Kader fir d'Klassifikatioun vun den Aktivitéite vum Bildungsprogramm a fir d'Certificatiounen, déi sech doraus erginn, an international akzeptéiert Kategorien (Bildungsniveauen a Studieberäicher).

Commentaire:

ISCED 2011 (Bildungsniveauen) gëtt zënter 2014 an allen EU-Datesammlungen implementéiert a gesäit déi follgend aacht Niveaue vir:

  • Niveau 0 – Educatioun an der fréier Kandheet
  • Niveau 1 – Grondschoul
  • Niveau 2 – Éischten Zyklus am Enseignement secondaire
  • Niveau 3 – Zweeten Zyklus am Enseignement secondaire
  • Niveau 4 – Enseignement post-secondaire non-supérieur

Héichschoulwiesen:

  • Niveau 5 – Enseignement supérieur de cycle court
  • Niveau 6 – Niveau Bachelor oder gläichwäerteg
  • Niveau 7 – Niveau Master oder gläichwäerteg
  • Niveau 8 – Niveau Doktorat oder gläichwäerteg

Quell: Cedefop (2023) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de termes clés"