Aarbechtsrecht: den Aarbechtskontrakt (C3003)

Betribsiwwergräifend Formatioun

U wie riicht sech d'Formatioun?

Jidfereen, deen am Beräich vun de Ressources humaines, an enger Fiduciaire oder engem Affekotebüro schafft… Leit, déi gaeren d’Rechter an d’Pflichte vun de Salarieen an den Employeuren kenneléiere wëllen (Personaldelegéierter…). Juristen mat auslännescher Ausbildung, déi dat lëtzebuerger Recht kenneléiere wëllen.

Dauer

23,00 Stonn(en)

Sprooch(e) vun der Déngschtleeschtung

LU

Nächst Sessioun

Virkenntnisser

Keng.

Ziler

  • Déi verschidden Type vun Aarbechtskontrakter ënnerscheede kënnen (CDD, CDI).
  • Wësse wéi een en Aarbechtskontrakt verfaasst (CDD an CDI).
  • D'Regelen am Zesummenhang mam CDD a mat der Zäitaarbecht kenneléieren.
  • D'Regelen vun der Proufzäit beherrschen.
  • Déi verschidde Begebenheeten, déi während engem Aarbechtsverhältnis optriede kënnen, geréieren: Ännerung vum Kontrakt, Krankheet
  • D'Prozeduren an d'Konsequenzen vun Entloossung a Kënnegung beherrschen (d'Motiver, d'Contestatioun, de Prozess, de Chômage).
  • Wëssen a wéi enge Fäll e Kontrakt automatesch ophällt: Pensioun, Faillite, laangwiereg Krankheet

Inhalt

Le contenu est identique aux objectifs d'apprentissage pour cette formation.

Dës Formatioune kéinten Iech interesséieren