GOEN BIS INHALT
D'Portal fir liewenslaangt Léieren
LU
DE
EN
FR
PT
Dir sidd hei:Accueil

Offiziell Aweiung vum Guichet unique vun der Maison de l’orientation

Image Weiderbildung
Weiderbildung
04.10.2022 - 5 thematesch Guichete fir eng méi cibléiert Orientatioun

Offiziell Aweiung vum Guichet unique vun der Maison de l'orientation Nodeems d’Maison de l’orientation 2021 vun der Stäreplaz an d’Gebai vum Educatiounsministère an der rue Aldringen geplënnert ass, gouf de 27. September 2022 de Guichet unique vun der Maison de l’orientation vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch a vum Minister fir Aarbecht, Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft, Georges Engel, offiziell ageweit. Duerch de Reamenagement sinn d’Servicer vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, vum Héichschoulministère a vum Ministère fir Aarbecht, Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft, déi sech mat der Informatioun, der Hëllef an dem Accueil vum Grand public befaassen, elo ënner optimale Konditiounen ënnert engem Daach regroupéiert.

"D’Offer vun de schouleschen a beruffleche Perspektive gëtt ëmmer méi villfälteg an et gehéiert zu eise Missiounen, déi Jonk an déi Erwuessen op hirem Wee ze begleeden. Mam neie Guichet unique vun der Maison de l’orientation, investéiere mer an eng gutt Orientéierung vun deene Jonken an Erwuessenen", huet de Claude Meisch ënnerstrach.

Sengersäits huet de Georges Engel betount:

"Et ass wichteg, grad déi jonk Leit geziilt ze informéieren, fir dass si esou an dee passende Beruff kënnen orientéiert ginn. D’Zuelen, déi eis virleien, weisen, dass et a ville Beruffer u qualifizéiertem Personal feelt. Et ass dofir wichteg, fir jonk a manner jonk Leit, déi op der Sich no enger Ausbildung sinn, fir genee dës handwierklech Beruffer ze begeeschteren."

5 thematesch Guichete fir eng méi cibléiert Orientatioun

An der Maison de l’orientation ka sech all interesséiert Persoun ouni Rendez-vous an engem vun de fënnef thematesche Guicheten berode loossen:

  • Schoulesche Parcours
    Verschidde Schoulofferen an de Lycéeën, Choix vun der Sektioun, Promotioun, Reintegratioun an de Lycée, Berodung zum Enseignement secondaire am Allgemengen.

  • Héichschoulstudium
    Studien zu Lëtzebuerg an am Ausland, Conditions d’accès, Aschreiwungsprozeduren, Unerkennung vun Diplomer, Héichschoulbildung asw.

  • Erwuessenebildung
    Formations d’intérêt général, Validatioun vun Acquisen duerch professionell Erfarung (VAE), Reprise vun de Studien, sproochlech Integratioun, zweete Bildungswee.

  • Jugendinfo
    Benevolat, Au pair, Stagen, Vakanzenjob, Logement, ausserschoulesch Aktivitéiten, administrativ Demarchen, Aschreiwungen.

  • D’Welt vun de Formatiounen a Beruffer
    Handwierker, Beruffer, éischt Beruffserfarungen, Léier.

An de fënnef Guichete fënnt een Informatiounen, Ënnerstëtzung oder spezialiséiert Berodung am Bezuch op déi schoulesch oder berufflech Orientatioun. Eng Entrevue mat engem oder méi Professionellen an dësem Espace ka genotzt ginn, fir un ee vun de spezialiséierte Servicer vun der Maison de l'orientation weidergeleet ze ginn, fir esou d’Orientatioun nach ze vervollstännegen.

Nieft dem Espace Orientatioun mat den thematesche Guicheten, kënnen déi aner Servicer vun der Maison de l’orientation op Rendez-vous an Usproch geholl ginn: Centre psycho-social et d’accompagnement scolaires (CePAS); Service de la scolarisation des enfants étrangers (SECAM); l’Agence pour le développement de l’emploi (ADEM) – Région Centre; l’Antenne locale pour jeunes Luxembourg du Service national de la jeunesse (SNJ); Agence pour la transition vers une vie autonome (ATVA); Cellule d’orientation du Service de la formation des adultes (SFA); Service de la validation des acquis de l’expérience (VAE); Service de la reconnaissance des diplômes (SRD).

Donieft huet de Visiteur och Accès zum Beruffsinformatiounszentrum (BiZ), wou en d’Méiglechkeet huet, duerch Beruffsinteressenstester, bei der Sich no engem passende Beruff ënnerstëtzt ze ginn. D’Offer gëtt nach duerch e Multimediaberäich, verschidde Bibliothéiken, eng Testothéik a Formatiounssäll completéiert.

De virtuelle Guichet vun der Maison de l’orientation

Als virtuell Ulafplaz vun der Maison de l’orientation, bitt den Internetsite www.maison-orientation.public.lu en Accès op eng Abberzuel vun Informatiounen zu de Studien, der Aarbechtswelt, zu der berufflecher Reorientatioun, dem Upskilling a Reskilling. Hei fënnt een esouwuel déi ëffentlech ewéi och déi privat national Acteure mat den Orientatiounsméiglechkeeten, déi se proposéieren.

Communiqué par le Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse

Photo: © SIP / Jean-Christophe Verhaegen

Deelt dësen Inhalt

 

Drécken Alles gesinn/verstoppen Un e Frënd schécken
All d'News gesinn
 
 
Jan Feb Mäe Abr
Mee Juni Jul Aug
Sep Okt Nov Dez
Organismes de formation Qualitéit vun der Formatioun Bäihëllefe fir d'Weiderbildung Éischtausbildung Weiderbildung Aarbechtsmaart Formatiounspraktiken Formatiounsoffer Orientatioun Iwwergang Schoul - Beruffsliewen Europa a Formatioun Eis Videoe kucken Alles gesinn...
Asaz vu Cookien

lifelong-learning.lu setzt Cookien an, fir Iech eng héichwäerteg User-Experienz ze garantéieren, de Benotzertrafic ze moossen, d'Funktionalitéite vun de sozialen Netzwierker ze optiméieren an Iech personaliséiert Inhalter unzebidden.

Wann Dir op dësem Site weidersurft, erkläert Dir Iech mam Asaz vu Cookien ënnert de Konditiounen, déi an den entspriechender Richtlinne festgeluecht goufen, averstanen. Méi doriwwer.

Noutwenneg Cookien
Dës Cookien erlaben et, d'Haaptfunktionalitéite vun eisem Site ze benotzen (zum Beispill den Zougang zu Ärem perséinleche Beräich). Ouni dës Cookië kënnt Dir eise Site net normal benotzen.
Statistiken
Dës Cookien erlaben eis, Statistiken iwwer d'Frequentatioun vun eisem Site opzestellen. Wann Dir se desaktivéiert, verhënnert Dir, datt mir d'Qualitéit vun eise Servicer suivéieren a verbessere kënnen.
Geziilt Publicitéit
Dës Cookien erlaben et, Iech um Internet an an de sozialen Netzwierker Informatiounen a Formatiounsofferen unzeweisen, déi Äre Besoinen am beschten entspriechen.

Eis Richtlinne fir den Asaz vu Cookië consultéieren

Akzeptéieren D'Cookië parametréieren
Veuillez patienter...