Formatiounspraktike vun den Entreprisen
2018
investéieren d'Lëtzebuerger Entreprisen aus dem Privatsecteur, déi eng staatlech Bäihëllef fir de Finanzement vun hirem Formatiounsplang ufroen, 1,8 % vun hirer Lounmass an d'Formatioun. D'Salariéë suivéieren am Duerchschnëtt 4,7 Formatioune mat enger Dauer vu 4,0 Stonnen. Eng Formatioun kascht am Duerchschnëtt 217 Euro pro Participant a 55 Euro d'Stonn.
D'Donnéeën iwwer d'Formatioun an den Entreprisen zu Lëtzebuerg stame vun de lëtzebuergeschen Entreprisen aus dem Privatsecteur, déi en ëffentleche Kofinanzement fir d'berufflech Weiderbildung ufroen. Unhand vun hiren Demanden ass et méiglech, hir Formatiounspraktiken ze analyséieren.
Zougang zu der Formatioun fir Salariéen
D'Salariéë suivéieren am Duerchschnëtt 4,7 Formatioune mat enger Dauer vu 4,0 Stonnen
Am Secteur „Aktivitéiten am Finanz- a Versécherungsberäich“ an an den Entreprisë mat 1.000 Salariéen a méi ass d'Participatioun u Formatiounen am héchste mat 8,1 resp. 6,1 Participatiounen an der Moyenne pro Salarié.
D'Formatiounen daueren duerchschnëttlech méi laang an de klengen Entreprisen: 7,7 Stonnen an den Entreprisë mat 10 bis 19 Salariéen a 7,1 Stonnen an den Entreprisë mat manner ewéi 10 Salariéen. An den Entreprisë mat 1.000 Salariéen a méi sinn d'Formatiounen zwee Mol méi kuerz.
D'Cadre suivéieren am Duerchschnëtt 7,1 Formatiounen
D'Cadren an d'Dirigeantë suivéiere méi Formatiounen (7,1 resp. 4,3 Formatiounen) wéi déi qualifizéiert an onqualifizéiert Salariéen (4,9 resp. 2,0 Formatiounen an der Moyenne).
D'Männer hu méi Zougang zu der Formatioun wéi d'Fraen: duerchschnëttlech 4,8 Formatioune géint 4,4. Salariéë vun iwwer 45 Joer huelen an der Moyenne un 3,9 Formatiounen deel.
Formatiounseffort vun de Betriber
E finanziellen Effort an Héicht vun 1,8 % vun der Lounmass
Den Taux vun der finanzieller Participatioun variéiert vun 1,1 % bei den Entreprisen aus dem Secteur „Verwaltung an domadder verbonnen Aktivitéiten“ bis 2,3 % bei den Entreprisen aus dem Secteur „Transport a Lagerung“.
Am héchsten ass den Taux vun der finanzieller Participatioun an den Entreprisë mat manner ewéi 10 Salariéen (3,7 %). Wann een d'Entreprisë mat 1.000 Salariéen a méi ausklamert, hëlt den Taux am selwechte Mooss of, wéi d'Gréisst vun der Entreprise zouhëlt. D'Entreprisë vun 250 bis zu 1.000 Salariéen, genee ewéi déi vun 100 bis 249 Salariéen, investéieren 1,6 % vun hirer Lounmass an d'Formatioun vun hirem Personal. Wat den Taux vun der finanzieller Participatioun vun de ganz groussen Entreprisen (1.000 Salariéen a méi) ubelaangt, sou bleift dësen zwee Mol méi niddreg wéi dee vun de ganz klengen Entreprisen (manner ewéi 10 Salariéen).
Technesch oder beruffsrelevant Formatioune maache 37 % vun den Entreprisen hirem Investissement an d'Formatioun aus
Eleng d'Beräicher „Technik/Beruffsrelevant“, „Management/GRH“ a „Finanzen, Comptabilitéit an Droit“ maachen zwee Drëttel vum Investissement vun den Entreprisen an 62 % vun der Gesamtzuel u Formatiounsstonnen aus. De Beräich „Management/GRH“ läit op der zweeter Plaz, souwuel beim investéierte Montant (18 %) wéi och bei der Zäit, déi an der Formatioun verbruecht gëtt (14 %).
Wat d'Participatioun un de Formatiounen ugeet, klasséiere sech d'Beräicher „Qualitéit, ISO a Sécherheet“ an „Finanzen, Comptabilitéit an Droit“ hannert dem Beräich „Technik/Beruffsrelevant“ (37 %), mat jeeweils 20 % vun der Gesamtzuel u Participanten.
Eng Formatioun kascht an der Moyenne 217 Euro pro Participant a 55 Euro d'Stonn
Déi duerchschnëttlech Käschte vun de Formatioune si mat iwwer 360 Euro pro Participant am héchsten an den Entreprisë mat manner ewéi 20 Salariéen, an am Secteur „Transport a Lagerung“ (377 Euro pro Participant): Dës Situatioun erkläert sech doduerch, datt d'Dauer vun de Formatioune mat am längsten ass (6,7 Stonne pro Participant) an datt déi duerchschnëttlech Käschte vun enger Stonn Formatioun zu deenen héchsten zielen (57 Euro).
D'Beräicher „Sproochen“ an „Management/GRH“ zeechne sech doduerch aus, datt hei den duerchschnëttleche Präis pro Stonn Formatioun méi héich ass wéi an anere Formatiounsberäicher, nämlech 70 Euro. D'Entreprisë gräifen an dësen zwee Beräicher méi oft op Formationsinstituter zeréck. Hir Prestatioune maachen 42 % respektiv 37 % vun den Entreprisen hirem Investissement an d'Formatioun an de Beräicher „Sproochen“ an „Management/GRH“ aus.