Sprong an d'Léier
De Projet "Sprong an d’Léier" betreit jonk Leit am Alter tëschent 18 a 24 Joer ouni Ausbildungsvertrag, déi beim "Beruffsinformatiounszentrum" (BIZ) vun der ADEM ageschriwwe sinn. D'Zil ass et, hinnen derbäi ze hëllefen, eng Léierplaz fir dat nächst Schouljoer ze fannen. Als Alternativ zu de COIP-Klasse soll dëse Projet eng méi geziilt Betreiung erméiglechen.
Dee Jonke kritt gehollef, en Ausbildungspatron ze fannen, e gëtt derbäi ënnerstëtzt, säin CV a säi Motivatiounsbréif opzestellen, nodeems d'pädagogesch Equipe zesumme mat him en individuelle Formatiounsplang ausgeschafft huet. E gëtt och op en eventuellt Astellungsgespréich virbereet. D'Aarbecht mat deene jonke Leit fënnt entweder a klenge Gruppen oder individuell statt.
De Projet soll eng besser Orientatioun erméiglechen, doduerch datt dee Jonken e potenziellen neie Beruff entdecken an dobäi feststelle kann, ob hien déi néideg Viraussetzungen erfëllt. All Jonken huet d'Recht, véier verschidde Beräicher kennenzeléieren. Als Ausbildungsberäicher ugebuede ginn d'Bauwiesen, d'Coiffure, d'Hëllefsdéngschter fir Persounen, d'Restauratioun an d'Metall.
Oflaf
- Éischte Kontakt, Virgespréich fir erauszefannen, wéi eng Interessien de Kandidat huet an ob e fir de Projet gëeegent ass.
- Clearing: Erklärungen iwwer den Oflaf vum Projet, Opstelle vun individuellen Horairen, déi op d'Wënsch an d'Besoine vum Kandidat ofgestëmmt sinn
Dauer: 1 Woch
- Teste vu verschiddene Beruffer mat 6 Workshoppen zur Auswiel: Verkaf-Retouche, Metall, Coiffure, Kachen, Bauwiesen, allgemenge Verkaf.
Dauer: 3 x 3 Wochen, wa gewënscht och 4 x 3 Wochen
- Outplacement: Opstelle vum CV a vum Motivatiounsbréif, Sich no potenzielle Patrons de stage, Ënnerstëtzung bei der Virbereedung vun Astellungsgespréicher, …
Dauer: 2 Wochen, wa méiglech an néideg verlängerbar op bis zu 3 Wochen
- Orientatiounsstage: ëmmer mam Zil, eng Léierplaz ze kréien.
Dauer: op d'mannst 4 Wochen, onbegrenzt verlängerbar